Zwee jonk Belsch a Kenia viru Geriicht

Symbolfoto. / © Pixabay
Méi wéi just en "Hobby"? Zwee Belsch musse sech zu Nairobi veräntwerten, well si 7.700 Seechomesse wollte mathuelen.
20 Deeg no hirer Arrestatioun stoungen e Mëttwoch zwee Belsch virun engem kenianesche Geriicht. Déi zwee 18 Joer al Männer kréie virgehäit, si hätte wëllen eng seelen Aart Seechomessen aus dem Land schmuggelen. Wéi si de 5. Abrëll bei Naivasha opgegraff gi waren, haten se ronn 5.000 Kinniginne bei sech, déi se an 2.244 Tübe placéiert haten.
Um lokale Marché wieren dës seelen Déiere vun der Gattung "Messor Cephalotes" ëm 7.700 Dollar wäert. D'Ugeklote kréie virgehäit, si hätten d'Seechomessen illegal wëllen an Europa an an Asien verkafen, well do d'Mäert fir exotesch Déieren am Opwand wieren. Dohier géing et sech ëm e Crime géint déi wëll Fauna an ëm en Acte vu Bio-Piraterie handelen.
Déi zwee Belsch hu virum Geriicht zu Nairobi zouginn, a Besëtz gewiescht ze si vun dësen Déieren. Si hunn awer ofgestridden, domat illegalen Handel ze bedreiwen. Hirer Affekotin no sinn déi zwee Teenagere Jonker, déi schlecht informéiert waren a just hirem Hobby nogaange sinn.
Kenianeschem Recht no ass all illegale Besëtz vun engem wëllen Déier oder vun enger Trophée eng Strofdot, fir déi et eng Amende bis zu 10.000 Dollar an/oder bis zu fënnef Joer Prisong gëtt. Fir de 7. Mee gëtt d'Urteel erwaart.