Awunner iesse Storchen an aner Zuchvigel aus Verzweiwlung

© AFP
Wéi verzweiwelt muss ee sinn, wann ee Vigel mat vergëfte Köderen ëmbréngt, fir se dann dono z'iessen?
An Uganda leiden d'Mënschen Honger. Antëscht wier een esou verzweiwelt, dass souguer déi seele wäiss Storchen als Narungsquell mussen déngen. Och aner geschützte Vigel gi gejot a giess, seet den 42 Joer ale Sam Chekwoi. Dausenden Zuchvigel goufen esou schonn dout gemaach a giess.
D'Situatioun wier nach méi schlëmm ginn, wéi se souwisou schonn ass. Net previsibele Reen an awer dogéint extrem Drécheperioden hätten d'Situatioun net verbessert. Vill Bauere kréien hir Familljen net méi ernäert, d'Recolte bleiwen aus an dofir hunn der vill decidéiert, op aner Narungsquellen zeréckzegräifen.
Fir d'éischt gëtt eng Maus oder eng Rat gefaangen, dout gemaach an als Köder benotzt. D'Déier kritt eng Mëschung aus Alkohol a Rategëft an d'Schnëss a gëtt an engem Feld hannerlooss, wou Storchen an aner Zuchvigel se friessen. Dës kréien den Tommel a kënnen net méi fortfléien. D'Awunner hunn dono e liicht Spill an eppes um Teller. De Sam Chekwoi seet, hien eleng hätt, zanter hien 2016 an d'Géigend geplënnert wier, méi wéi 300 esou Vulle giess.
Keng Alternativen
Natierlech ass et net erlaabt, och an Uganda net, Zuchvigel, besonnesch awer déi geschützte wäiss Storchen dout ze maachen. Et hätt ee keng Wiel, et ass déi eenzeg Protein-Source, déi hinne bleift. Dass een eng Strof riskéiert, wier och egal. "Wann et Alternative géif, ech géif dat maachen", sou de Chekwoi weider.
De Joel Cherop, en Naturschützer a Bauer an der Géigend, ass och an der Regioun opgewuess a versicht, d'Leit dovun z'iwwerzeegen, domat opzehalen. Hien huet dat Ganzt zanter enger Zäit am Bléck a geet dovun aus, dass gutt 3.000 wäiss Storche scho vun den Duerfbewunner giess goufen zanter dem Ufank vum Joer. Fir vill Bewunner bedeit et awer net just Narung, mä och eng Méiglechkeet, u Suen ze kommen. Si verkafen d'Fleesch fir ronn 2.000 Schilling oder manner wéi een Dollar.
D'Nomade-Communautéite sinn zwar deels mat responsabel fir déi schlecht Konditiounen, duerch d'Ofholze vu ville Beem fir d'Holzkuelproduktioun. Et ass awer virun allem d'Dréchent, déi d'Problemer verstäerkt. Zanter de leschten 10 Joer wieren d'Recolte schlecht. De Joel Cherop betount, dass de Klimawandel eng Suitte vun industrielle Praktiken op anere Plazen op der Welt ass, "an Amerika, Russland a China gi Milliarden Tonne Kuelestoff ausgestouss". Hien huet ugefaangen, Uebstbeem ronderëm seng Farm ze planzen, fir d'Land ze regeneréieren a beschäftegt och e puer Eenheemescher mat sengen eegene bescheidene Moyenen. D'Duerfbewunner géife versichen, einfach just z'iwwerliewen. "Dat sinn hongereg jonk Männer, déi näischt z'iessen hunn a si hunn eng Alternativ fonnt".