Den däitsche Wiederdéngscht (DWD) warnt virun Dauerreen an dat besonnesch an Nordrhein-Westfalen, Thüringen an Ostsachsen.

Et soll deemno kräfteg an och a laange Sequenze reenen, wéi den DWD zu Offenbach en Donneschdeg matdeelt. Och Donnerwiedere sinn net ausgeschloss. An de betraffene Regioune solle bannent 24 Stonnen Nidderschléi vu bis zu 50 Liter de Quadratmeter erofkommen.

E Mëttwoch hat et an Deeler vun Däitschland schonn hefteg gereent. Am Landkrees Harz hu wéinst den Iwwerschwemmungen dräi Stroosse misse gespaart ginn.

Déi gutt Nouvelle ass awer, dass e Freideg d'Héich "Petra" kënnt. Bis e Freideg de Moien ass deemno nach Reen z'erwaarden, dee sech dann no an no verzitt a Richtung Süddäitschland. Bis e Samschdeg solle sech d'Reen-Wolleken dann an d'Alpe verzéien. Et soll an der Nuecht awer och nees vereenzelt zu Buedemfrascht kommen.