Sou ganz laang ass de Fluchhafen Berlin-Brandenburg nach net op, 4 an en halleft Joer. Elo gouf eng gréisser Drogen-Decouverte gemaach.

Zwee Männer aus Japan haten, opgedeelt op zwou Wallissen, am Ganzen 68 Kilogramm Cannabis dobäi. Si waren iwwer de Katar aus dem thailänneschen Bangkok ugereest. Geschitt ass dat Ganzt schonn Ufank Abrëll, wéi d'zoustänneg Douane elo matgedeelt huet.

En Drogemupp hat ugeschloen, wéi déi Zwee duerch d'Gepäckkontroll wollten. Si hunn hir Wallisse missen opmaachen an du koume relativ séier déi a Vakuum verpaakten Drogen zum Virschäin, déi zousätzlech nach a groe Plastik agewéckelt waren. En Drogentest war positiv.