... 318 Joer: Groussbritannien entsteet

© Pixabay
Duerch de sougenannten Act of Union ginn d'Kinnekräicher England a Schottland vereenegt. Zum engleschen Territoire gehéiert och d'Principautéit Wales.
Wat ass soss nach alles geschitt op engem 1. Mee?
1786 ass et d'Uropféierung vun der Oper Le nozze di Figaro. De Mozart presentéiert an dirigéiert säi Wierk vum Figaro senger Hochzäit héchstperséinlech zu Wien. De Publikum ass vun där Opera buffa a 4 Akte net wierklech iwwerzeegt. Haut gëllt se als grousse Mozart-Klassiker.
1851 geet zu London mat der Great Exhibition déi éischt Weltausstellung op. Am extra dofir gebaute Crystal Palace stellen 28 Länner allméiglech Nouveautéiten aus, dorënner z.B. en Telegraf, den éischte Stull aus vulkaniséiertem Plastik an e Schlauchboot. Den Terrain vun der Ausstellung ass méi wéi 10 Hektar grouss.
No der Ried vun engem Journalist fänkt 1886 zu Chicago e Streik un, bei deem Aarbechter a Gewerkschaften eng Reduzéierung vun der deeglecher Schaffzäit vun 12 op 8 Stonne fuerderen. Déi sougenannten Haymarket Riots daueren duerno deeglaang, fuerderen eng Partie Mënscheliewen a begrënnen d'Traditioun, den 1. Mee als Dag vun der Aarbechterklass ze gesinn.
Den US-President Herbert Hoover ass 1931 dobäi, wéi zu New York den Empire State Building opgeet. Mat Antenn ass d'Héichhaus mat sengen 102 Etagen 443m héich, an ass bis zur Ouverture vum éischte World Trade Center dat héchste Gebai vun der Welt.
1974 gëtt an Däitschland de Punktesystem zu Flensburg agefouert. Gespäichert ginn an deem Verkehrszentralregister Feelverhalen am Stroosseverkéier an doraus gëtt ofgeleet, ob ee laut Gesetz nach Auto fueren dierf oder net. Iwwregens kann een och als Lëtzebuerger an Däitschland Punkte kréien.
De negativen Héichpunkt vum schwaarze Formel 1 Weekend zu Imola 1994 gëtt erreecht, wéi am Grousse Präis vu San Marino de Brasilianer Ayrton Senna schwéier verongléckt. Den 3fache Weltmeeschter gëtt am Laf vum fréien Owend fir dout erkläert, ass awer warscheinlech op der Plaz gestuerwen. De Grand Prix gëtt no enger Ënnerbriechung weidergefuer, a vum Michael Schumacher gewonnen.
Mat de Wieder Mission Accomplished deklaréiert den US-President George W Bush 2003 den Irakkrich fir eriwwer. Déi sougenannte Koalitioun vun de Wëllegen hat den Hussein-Regimm gestierzt an d'Haaptstad Bagdad ageholl. Mat der 8 Joer laanger Besatzung kënnt et duerno awer zu Widderstand an enger Aart Biergerkrich, déi och nom amerikanesche Réckzoch net ophale wäerten.