De Kapp hannert den Uschléi vum 9/11 hat sech jorelaang verstoppt a gëtt a Pakistan vun enger US-Spezialeenheet liquidéiert.

Haut virun...

Wat ass soss nach alles geschitt op engem 2. Mee?

1906 ginn zu Athen déi Olympesch Tëschespiller op en Enn. Erfollegräichste Land mat 40 Medailen ass Frankräich. Zu dëser Olympiad war et komm, well Griicheland d'Spiller op Dauer bei sech wollt organiséieren, an d'Editioune vu 1900 a 1904 en Echec waren. Obwuel dës sougenannten Tëschespiller déi olympesch Iddi effektiv gerett hunn, gi se bis haut net offiziell vum IOC unerkannt.

An der Sowjetunioun gëtt 1936 dem Sergei Prokofjew säi Musekmärchen De Pierchen an de Wollef uropgefouert. Dat Wierk huet d'Zil, Kanner mat den Instrumenter vun engem Symphonieorchester vertraut ze maachen. Peter und der Wolf ass dem Prokofjew seng bekanntste Kompositioun a weltwäit eent vun den am meeschte gespillte Wierker vun der klassescher Musek.

No de Suicide vun Hitler a Goebbels gëtt den Admirol Karl Dönitz 1945 däitsche Reichspräsident an iwwerhëlt d'Muecht an der Regierung. Den Optrag, en heroeschen Ënnergang z'inzeenéieren, féiert den Dönitz net méi aus. Dee selwechten Dag kapituléiert Berlin virun der Rouder Arméi - domat geet d'Schluecht ëm déi däitsch Haaptstad op en Enn.

1948 gëtt d'Eisebunnsstreck Dikrech-Veianen zougemaach, well se net méi rentabel ass. D'Streck mat enger Längt vu 14,11 km war den 9. Abrëll 1889 opgaangen, an huet vun Dikrech iwwer Tandel, Furen a Bëttel op Veianen gefouert. Am Volleksmond Benny genannt, gëtt se den Dag drop duerch Busser a Camionen ersat.

Fir d'Grënnung vun hirer Stad virun 100 Joer ze feieren, geet 1986 zu Vancouver a Kanada d'Weltausstellung op. A Presenz vu Prënz Charles a Prinzessin Diana geréit d'Expo 86 awer zum finanzielle Flopp. Vill vun den Attraktioune gi nom Enn vun der Ausstellung souguer versteet. Eng Achterbunn gëtt z.B. an e Parc d'Attractions zu St. Louis an den USA verkaaft.

1989 fänkt Ungarn op senger Grenz mat Éisträich un, de Grenzzonk ofzebauen. Dësen ass technesch vereelzt a soll duerch méi Zaldoten ersat ginn, déi weider den Uerder hunn, fir op Flüchtlingen ze schéissen. Domat gi weder d'Grenzen a Richtung Westen op, nach d'Kontrollen opgehuewen. Mä sou en éischt klengt Lach am Eiserne Riddo ass et schonn.

RTL

© AFP

2006 fänkt am italieenesche Futtball e Skandal un, wéi d'Gazzetta dello Sport Protokoller vun ofgelauschterten Telefonater vum Parquet zu Turin verëffentlecht. Et geet ëm manipuléiert Matcher. Um Enn vun der Affär krit Juventus déi zwee lescht Titelen oferkannt, muss ofsteigen an déi nei Saison mat -17 Punkten ufänken. Och d'Veräiner AC Milan, Lazio Roum an AC Florenz gi mat Minuspunkten an déi nächste Saison.