D'Academy gëtt vu 36 Leit gegrënnt mam Zweck, sech fir de Fortschrëtt am Filmgeschäft anzesetzen. 2 Joer méi spéit wäerte si den éischten Oscar verginn.

Haut virun...

Wat war soss nach alles lass op engem 4. Mee?
1906 treffe sech zu Manchester an England 2 Männer a gi sech eens iwwert e Kontrakt, dass deen een deem anere seng Autoen ofhëlt a se ënnert hirem gemeinsame Numm verkeeft. Deen ee Mann heescht Charles Rolls, an deen aneren Henry Royce. 2 Joer méi spéit grënne se hir Firma, déi bis haut exemplaresch ass fir Luxusgefierer. Rolls-Royce.

1924 fänken zu Paräis déi 8. Olympesch Summerspiller un. Fir déi éischte Kéier gëtt dee neien olympesche Motto citius, altius, fortius (méi séier, méi héich, méi staark) zitéiert. De spéideren Tarzan-Acteur Johnny Weissmüller gewënnt am Schwammen 3x Gold. Natiounen, déi 1920 als Krichsverléierer nach ausgeschloss waren, dierfen erëm deelhuelen. Bis op Däitschland.

1949 ënnerschreiwe sowjetesch an amerikanesch Representanten zu New York en Ofkommes, mat deem d'Blockad vu Berlin opgehuewe gëtt. Am Géigenzuch ginn déi westlech Wirtschaftssanktioune géint Ostdäitschland annuléiert. De Kontrakt trëtt den 12. Mee a Kraaft. Déi amerikanesch Fligere vun der sougenannte Loftbréck wäerte nach bis Enn September 1949 fléien.

Op de Marshallinselen am Pazifik starten d'USA 1956 hir Operation Redwing. Et ass déi 13. Serie vun iwwerierdeschen Atombommentester, déi bis Mëtt Juli dauere wäert. D'Operatioun gëtt do duerchgefouert, well se 17 besonnesch staark Bommen ausprobéiere wëllen, déi net op hirem Testsite am Nevada getest kënne ginn.

1970 gëtt op der Kent State University am Ohio géint de Vietnamkrich demonstréiert. De Buergermeeschter deklaréiert den Ausnamezoustand a rifft d'Nationalgard op de Plang. Dës zitt sech ouni Erfolleg erëm zréck a schéisst aus grousser Distanz an d'Leit. 4 Persoune stierwen, 8 ginn zum Deel schwéier blesséiert. An der Suite kënnt et zum gréisste Studenteprotest an der Geschicht vun den USA.

Haut viru 15 Joer gëtt bei Christie's zu London e Bild vum Pablo Picasso versteet. Mat Opschlag fält den Hummer bei 106.482.500 Dollar. De sougenannten Nu au Plateau de Sculpteur ass en 162 x 130cm grousst Uelegbild, dat un een onbekannte Bidder um Telefon geet. Domat ass dat Konschtwierk awer nach laang net dat deierste vun der Welt. Et gëtt aktuell 19 Biller, fir déi nach méi Geld bezuelt gouf.