... 201 Joer: 9. Sinfonie vum Beethoven

© Shutterstock
Den däitsche Museker, deen zu deem Zäitpunkt schonn daf ass, dirigéiert selwer a gëtt frenetesch gefeiert fir seng lescht komplettéiert Kompositioun.
Dës 9. Sinfonie ass déi lescht komplettéiert Kompositioun vum Beethoven an haut eng vun de populäersten iwwerhaapt. 1972 gëtt de leschte Saz Freude schöner Götterfunken zur Hymn vum Europarot deklaréiert an 1985 vun der EG zur offizieller Europahymn gemaach.
Wat war soss alles lass op engem 7. Mee?1867 fänkt déi zweet Londoner Konferenz u mat Vertrieder vu Groussbritannien, Frankräich, Preisen a Russland. Zil ass et, déi sougenannte Lëtzebuergkris tëscht dem franséische Keeser Napoléon III. an dem preisesche Kanzler Otto von Bismarck bäizeleeën. 4 Deeg méi spéit steet d'Onofhängegkeet vum Grand-Duché fest.
1919 krit déi däitsch Delegatioun zu Versailles den Entworf vum Friddensvertrag presentéiert, mat deem de Schluss vum Éischte Weltkrich besigelt soll ginn. D'Konditioune vun den Alliéierte si quasi net ze änneren an hunn als Folleg, dass e Mount méi spéit déi ganz Regierung Scheidemann zrécktriede wäert.
Zu Reims am Haaptquartéier vun den Alliéierten ënnerschreift 1945 fréi moies den däitsche Generaloberst Jodl d'Gesamtkapitulatioun ouni Konditioune vun Nazidäitschland am Zweete Weltkrich. Déi russesch Ënnerschrëft feelt nach. De 9. Mee moies fréi gëtt zu Berlin nach emol vun alle Säiten ënnerschriwwen, réckwierkend op den 8. Mee owes spéit 23.01 Auer. Rechtlech gesinn, gëllt awer de Kontrakt vu Reims.
1946 gëtt am bal ganz zerstéierten Tokio eng Kommunikatiounsentreprise gegrënnt. Ugangs heescht se Totsuko. Vum laténgesche Wuert fir Klang sonus ofgeleet, an orientéiert um deemools geleefege Begrëff Sonnyboy, gëtt d'Mark spéider Sony genannt. Mat engem N, well déi japanesch Aussprooch vu sonny souvill bedeit wéi Geld verléieren. No Hitachi a Panasonic ass Sony den drëttgréisste japaneschen Elektronikkonzern.
1998 kënnt et an der Automobilbranche zur grousser Fusioun vun der Daimler-Benz AG an der Chrysler Corporation. DaimlerChrysler leeft net laang gutt - Qualitéit an Image leiden, no an no fält de Wäert vu béide Konstrukteuren, sou dass déi Däitsch bal op den Dag 9 Joer méi spéit Chrysler erëm verkafen, an zanterhier als Daimler AG operéieren.
35 Joer laang war de Ronald Biggs op der Flucht. 2001 kënnt dee leschte vun de Raiber, déi 1963 en Zuch vun der Post iwwerfall haten, fräiwëlleg aus Brasilien zréck a Groussbritannien a gëtt nach um Flughafe vu 60 Scotland-Yard-Beamte verhaft. 8 Joer méi spéit wäert e wéinst senger schlechter Gesondheet begnodegt ginn.