... 80 Joer: Enn vum Zweete Weltkrich an Europa

© Sebastian Gollnow / DPA / dpa Picture-Alliance via AFP
Zu Berlin gëtt d'Kapitulatioun ouni Konditioune vun Nazidäitschland ratifizéiert.
Den Dag virdru war dëse Kontrakt schonn zu Reims ënnerschriwwe ginn, allerdéngs ouni Bedeelegung vun de Russen, déi dat nach emol an der däitscher Haaptstad maache wëllen. Wéinst der Zäitverschibung gëtt der Zäitrechnung vu Moskau no de Krop no Mëtternuecht um 9. Mee gemaach, zu Berlin ass et nach sou just den 8. Mee.
Wat ass soss nach alles passéiert op engem 8. Mee?
1886 verkeeft den Drogist an Apdikter John Pemberton zu Atlanta an den USA fir déi éischte Kéier säi Mëttel géint Kappwéi a Middegkeet. Et kascht 5 Cent d'Glas. Kuerz viru sengem Doud 2 Joer méi spéit verkeeft hien d'Rezept an d'Rechter um Produit un de Geschäftsmann Asa Candler. Dëse wäert 1892 domat déi weltbekannte Coca-Cola-Company grënnen.
1907 fänke se bei Berlin un, de Bord vum Wannsee ëmzebauen. Et ass geplangt, aus deem Ufer e Strandbad ze maachen, wou d'Leit aus der Stad sech erhuele kënnen. Ausserdeem gëtt déi Géigend eng mondän Adress fir Leit mat Geld. An de Joren duerno wäert dat Strandbad de Numm Buedbidde vun de Berliner kréien.
1945 gëtt d'Enn vum Zweete Weltkrich nieft Europa och zu Sétif an Algerien gefeiert. Gläichzäiteg fuerderen d'Leit awer och d'Onofhängegkeet vu Frankräich. Déi ugangs friddlech Demonstratioun gëtt vun der Kolonialmuecht bluddeg néiergeschloen. Tëscht 2.000 a 45.000 Leit kommen ëm. Historiker gesinn an deem Massaker den Ausgangspunkt vum Algeriekrich 1954.
Haut viru 55 Joer kënnt mat Let it Be de leschten Album vun de Beatles eraus. Zu deem Zäitpunkt ass de Grupp scho guer net méi zesummen.
Am Qualifying fir de Grousse Präis vun der Belsch stierft 1982 de Gilles Villeneuve. De spektakuläre Ferrari-Pilot aus Kanada kollidéiert zu Zolder mam Däitsche Jochen Mass a gëtt beim Iwwerschlag mat de Gurter aus sengem Cockpit gerappt. De Villeneuve, deen als eent vun de gréissten Talenter vun allen Zäite gëllt, stierft owes am Spidol. Him ware just 6 Grand-Prix-Victoirë vergonnt.
1984 gëtt d'Sowjetunioun bekannt, dass si d'Olympesch Summerspiller zu Los Angeles boykottéiere wäerten. Bis op Rumänie wäerten all aner Staaten aus dem Ostblock och net un de Spiller deelhuelen. Et ass d'Retourkutsch fir den amerikanesche Boykott vun de Spiller 1980 zu Moskau.
An um Enn erënnere mir eis nach kuerz drun, dass mir Lëtzebuerger alleguer zesumme Gewënner sinn. 1986 kritt d'Lëtzebuerger Vollek um 8. Mee de Karlspräis vun der Stad Oochen fir säin Asaz fir d'Eenegung vun Europa.