... 75 Joer: Presentatioun vum Schuman-Plang

© DPA / DPA / dpa Picture-Alliance via AFP
De franséischen Ausseminister proposéiert, dass d'europäesch Länner hir Kuelen- a Stolproduktioun zesummeleeën, fir esou zukünfteg Kricher z'evitéieren.
Wat ass soss nach alles geschitt op engem 9. Mee?
1876 hëlt den däitschen Erfinder Nicolaus Otto säin éischte Véiertaktmotor a Betrib. Do dra gëtt e Gemësch aus Bensinn a Loft kompresséiert a vun enger Bougie gezünt. 60 Joer méi spéit wäert déi Konstruktioun mat deem Aarbechtsprinzip allgemeng als Ottomotor bekannt ginn, an ass bis haut esou an de meeschte Gefierer am Asaz.
Mat der Ouverture vum sougenannte Provisional Parliament House gëtt Canberra 1927 nei Haaptstad vun Australien, a léist domat Melbourne of. Canberra war réischt 14 Joer virdru gegrënnt ginn. Genee 61 Joer méi spéit, 1988, wäert dat provisorescht Regierungsgebai endlech duerch e neien, definitive Bau ersat ginn. Och an Australien daueren d'Chantiere mol méi laang.
1934 kënnt et am Mëttlere Weste vun den USA zu engem vun de schwéierste Stëbs- a Sandstierm an der Geschicht vum Land. Nach dee selwechten Dag ginn zu Chicago Milliounen Tonne Sand néier, an den Dag drop un der Ostküst vum Land. Am nächste Wanter fält am New England souguer roude Schnéi. Duerch dee Stuerm geroden dausende Farmer an Existenzproblemer.
1941 geléngt et 3 alliéierte Krichsschëffer, en däitscht U-Boot opzebréngen an ze kaperen. Ouni dass et opfält, geréit déi däitsch Chiffréiermaschinn Enigma, zesumme mat de Coden, an d'Hänn vun de Britten. Domat kënnen déi Alliéiert e Joer laang de Nazien hire Funk entschlësselen, bis eng nei Variant vun der Enigma an den Asaz kënnt.
1944 gëtt déi Stater Gare vun amerikanesche Fligere bombardéiert. 59 Leit kommen ëm d'Liewen, 160 gi blesséiert. Am Ganzen ass d'Gare, déi am Krich vun de Nazie benotzt gëtt, 3x Zil vun esou Attacken. Obwuel d'Haaptgebai net staark getraff gëtt, ginn um Enn 155 Doudesaffer gezielt.
No den éischten demokratesche Walen, bei deenen all Bierger hunn däerfe matmaachen, gëtt de Nelson Mandela 1994 zum éischte faarwege President an der Geschicht vu Südafrika gewielt. Mat senger aktiver Reformpolitik ewech vun der Apartheid gewënnt de Mandela wärend senge 5 Joren am Amt nationale wéi internationale Respekt.