An der Show "Ma mère, ton père" hëllefe Kanner hiren Elteren, en neie Partner fir d'Liewen ze fannen. E Lëtzebuerger ass an der belscher Emissioun dobäi.

Den Oscar Guzman ass keen Onbekannten hei zu Lëtzebuerg. Den DJ a fréieren Animateur bei RTL hëlt un enger neier Emissioun op RTL TVI an der Belsch deel, an där Kanner hiren Elteren hëllefen, en neie Partner ze fannen.

Vu senge véier Kanner ass de Ricky dobäi, wann den Oscar an enger Villa versicht, déi nei Fra fir d'Liewen ze fannen. D'Kanner suivéieren a geréieren am Hannergrond déi verschidden Rencontere vun hiren Elterendeeler, ouni dass déi dovu wëssen. Eng Roll, an där de Ricky sech wuel fillt a säi Spaass huet.

Den Oscar Guzman hofft, iwwert dëse Wee eng nei Partnerin u senger Säit ze fannen. Ob et dem gebiertege Kolumbianer gelénge wäert, gesitt Dir eréischt am leschten Episod vun der Datingshow...

"Ma mère, ton père" leeft all Sonndeg Owend um 20h50 op RTL TVI. D'Emissioun kënnt och am Replay op rtlplay.be