Eng 45 Jonker vum Scoutsgrupp St Martin vu Jonglënster waren en Donneschdeg um Feierdag fréi op de Been. Si hunn am "Bambësch" Meekränz gebonnen.

Kuerz no 9 Auer goung et lass. Fir d'éischt goufen äifreg Blieder a kleng Stécker Holz gesammelt. Duerno gouf a Gruppen d'Meekränz gebonnen. Ënner anerem hunn d'Scouten e Kranz zu Jonglënster am Altersheem vum Roude Kräiz ofgeliwwert. Hei war d'Freed bei den eelere Leit besonnesch grouss.