Wéi et heescht, hätt d'Déier ouni gréisser Blessuren d'Chute iwwerlieft.

D'Kaz wier an engem schwaarzen, mëllen Transportbehälter matten am beléifte Bryce Canyon Nationalpark fonnt ginn, esou d'Déiereschutzorganisatioun "Best Friends Animal Society" en Donneschdeg.

De Behälter wier zwar "knaschteg an zerrappt" gewiescht, ma déi 12 Joer al Kaz hätt d'Chute awer "anscheinend gutt iwwerstanen". D'Déier gouf deemno niewent de Läiche vun zwee Mënsche fonnt.

Dobäi soll et sech anscheinend ëm d'Besëtzer vun der Kaz handelen. D'Koppel am Alter vu 45 an 58 Joer koum de regionalen Autoritéiten no Ufank der Woch bei enger Chute am Bryce Canyon, dee bei Touristen extrem beléift ass, ëm d'Liewen. Lokale Medien no sollen déi zwee tëscht e Méindeg an en Dënschdeg gestuerwe sinn.

D'Kaz, déi elo "Mirage" heescht, gouf e Dënschdeg den Owend gerett an an en Déierenheem bruecht. Der Kaz géif et gutt goen a géif och normal iessen an drénken.