Souguer wann e Starfighter aus enger anerer Galaxie eng Pann huet, ass den ACL wéi et schéngt, séier op der Plaz.

De 4. Mee, ënner Star-Wars-Fans besser bekannt ënnert dem Numm "May the Fourth", gëtt, wéi et schéngt och beim ACL gefeiert. Heibäi handelt et sech jo ëm e Wuertspill, amplaz dem bekannten Zitat "May the Force be with you" aus der Star-Wars-Serie, heescht et de 4. Mee natierlech "May the Fourth".

Ma den ACL berouegt awer a verréit, dass d'Bild op de Soziale Medien natierlech mat enger KI generéiert ass. D'Raumschëff ass eng eege Kreatioun a bezitt sech net op eng existéierend Lizenz. Fräi vu Rechter an ouni offiziell Verbindung zu Star War a Lucasfilm.