Den George gëtt Kinnek, nodeems säi Brudder Edward VIII. ofgedankt hat wéinst senger Bezéiung zur biergerlecher a gescheeter Amerikanerin Wallis Simpson.

Haut virun...

Wat ass soss nach alles geschitt op engem 12. Mee?

1797 dankt dee leschten Doge vu Venedeg of, an de grousse Rot hält seng lescht Sëtzung. Virun der Stad leie schonn dem Napoléon Bonaparte seng Truppen, déi d'Republik Venedeg anhuele wäerten. Dës hir Existenz, déi zäitweis eng Groussmuecht war, geet domat no knapp 700 Joer op en Enn. 2 Deeg drop gëtt déi offiziell Kapitulatioun ënnerschriwwen.

Den italieenesche Loftfaartpionéier Umberto Nobile flitt 1926 als Éischte mat sengem Loftschëff Norge iwwert de Nordpol. Mat u Bord sinn de norwegesche Polarfuerscher Roald Amundsen an een amerikanesche Millionär. Dës Aventure gëllt als dat éischte geséchert Erreeche vum Nordpol.

1984 geet déi nei Grand-Prix-Streck um Nürburgring op. Fir d'Feierlechkeete gëtt eng Course mat de gréisste Staren aus dem Motorsport op baugläichen Toureween organiséiert. Et gewënnt een deemools nach jonken a net weider bekannten Ayrton Senna Da Silva aus Brasilien.

1990 gëtt d'Franséisin Jeanne Calment zum eelste Mënsch vun der Welt. An de Joren duerno baut si de Rekord weider aus a kënnt an d'Guinnessbuch stoen. Dodran ass si och haut nach markéiert als Mënsch, deen am längste gelieft huet. 1997 stierft si am Alter vun 122 Joer an 164 Deeg. Si war 1875 op d'Welt komm.

1997 ënnerschreiwen de russesche President Boris Jelzin an den tschetscheenesche President Aslan Maschadow de Friddensvertrag, mat deem den Éischten Tschetscheniekrich op en Enn geet. De politesche Status vun der autonomer Republik am Nordkaukasus gëtt domat awer net gekläert. 2 Joer méi spéit fänkt den Zweete Krich un, dee bis 2009 dauere wäert.

2002 fält zu Baikonur am Kasachstan den Daach vun engem Hangar zesummen, an deem déi eenzeg Raumfär aus Sowjet-Zäite stationéiert ass. Buran 1.01 war 1988 eemol an de Weltall geflunn, an huet ausgesi wéi eng Kopie vum amerikanesche Space Shuttle. Beim Tëschefall kommen 8 Aarbechter ëm d'Liewen, an d'Buran gëtt komplett zerstéiert.