De Carl Zemthoefer huet d'Chance donieft genotzt, fir dem däitsche Politiker och e puer Wierder op Lëtzebuergesch bäizebréngen.

De Carl Zemthoefer ass ee 16 Joer ale Schüler aus dem Lycée Ermesinde zu Miersch a Member am Nationale Comité vun Déi jonk Gréng. An deem Kader hat hien d'Méiglechkeet, sech mam fréieren däitsche Vizekanzler a Wirtschaftsminister Robert Habeck iwwer Energiepolitik auszetauschen. Ënner anerem Kernfusioun, Akkumulatoren an d'Ofhängegkeet vu russeschem Gas waren d'Theemen, iwwert déi sech déi Zwee kuerz ënnerhalen hunn. Fir de Carl Zemthoefer war d'Gespréich virun allem och vun Notzen, well hie seng Joresaarbecht an der Schoul iwwer Akkumulatore schreift.

Donieft huet de jonke Lycéesschüler sech d'Chance net entgoe gelooss, fir dem Robert Habeck eng Rei lëtzebuergesch Wierder bäizebréngen.

De Robert Habeck léiert e puer Wuert Lëtzebuergesch
De Carl Zenthöfer, 16 Joer, 4e-Schüler am Lycée Ermesinde a Member vun déi jonk Gréng, huet dem Nach-Vizekanzler Mëtt Abrëll e bësse Lëtzebuergesch bäibruecht.