De leschte Samschdeg si blann an net blann Spiller an der zweeter Editioun vum Goalball-Tournoi vun der Amicale du CDV géinteneen ugetrueden.

An dësem eenzegaartege Sport gëtt d'Gehéier den Toun un a jidderee spillt ënnert de gläiche Konditiounen - mat verbonnenen Aen.

Fir e Sportsturnéier ass et an der Sportshal vun der Schoul zu Schuller ongewéinlech roueg. Ronn 60 Leit sinn dobäi, mee ausser dem rouegen, rhythmesche Klank vun engem Ball, deen iwwer d'Feld hin an zréck flitt, ass net vill ze héieren.

Dëst ass Goalball, e paralympesche Sport dee speziell fir Leit entwéckelt gouf, déi net gutt oder guer net gesinn. E gouf ursprénglech 1946 entwéckelt fir Zaldoten ze rehabilitéieren, déi hir Siicht am Zweete Weltkrich verluer haten.

Eng roueg Hal ass hei essentiel. D'Spiller vertraue ganz op Kläng, besonnesch déi vum Ball, fir d'Orientéierung, d'Verdeedegung vun hirem Goal an d'Attacke lancéieren.

Déi meescht Spiller bleiwen an der selwechter Positioun am ganze Spill. Si knéien oder leien um Buedem, fir Schëss ze blockéieren, a si kënnen opstoen, fir de Ball ze geheien, deen op d'mannst eemol an all Hallschent vum Feld muss sprangen. Wéi mat all Teamsport ass d'Zil einfach: méi Goler ze schéissen, wéi de Géigner.

Wat ass speziell un dësem Spill? Fir déi selwecht Konditioune fir all Mënsch ze garantéieren, gëtt d'Spill mat verbonnenen Ae gespillt, egal ob d'Participante komplett blann sinn, net gutt gesinn oder eng ganz normal vue hunn.

"Goalball ass en inklusive Sport", seet de Pierrot Felten, President vun der Amicale du CDV, dem Centre pour le développement des compétences relatives à la vue. "Natierlech huet dësen Turnéier eng kompetitiv Säit, mee dat wichtegst ass d'Freed um Spill.”

Um Turnéier vun der Amicale vum CDV hu 15 Ekippe mat dräi bis fënnef Spiller an ënnerschiddlechem Alter a mat verschiddenen Erfarungsniveauen deelgeholl. D'Hal ass an zwee Spillfelder opgedeelt, jeeweils mat engem eegenen Arbitteren, déi ënnerschiddlech Päife benotzen, fir Duercherneen tëscht de Spillfelder ze vermeiden.

Ier den Turnéier ufänkt, gëtt de Sven Zenner vun engem Fräiwëllege ronderëm den Terrain gefouert. Well hie blann ass, muss hie sech kierperlech mat der Plaz vertraut maachen. Déi Fräiwëlleg hëlleft him, d'Goler ze fannen. Mat der Hand sicht hien d'Netz, fir e Gefill fir d'Gréisst ze kréien. Markéierungen um Buedem hëllefen de Spiller ze verstoen, wou se sech opstelle sollen a wou d'Spillfeld ophält.

Dat hei ass villäicht eng nei Hal vläicht fir de Sven, awer de Goalball ass net nei fir hien - hien huet d'lescht Joer un der éischter Editioun vum Tournoi deelgeholl. "Ech hat sou vill Spaass, datt ech net gezéckt hunn, mech erëm anzeschreiwen," seet hien. "Ech fille mech wéi wann ech e Virdeel hunn, well ech et gewinnt sinn, mech op meng Oueren ze verloossen - egal ob am Alldag oder an engem Sport wéi dësem. Also ech fille mech zouversiichtlech.”

Fir d'Medea Castro, déi net gutt gesäit, hunn déi verbonnen Aen hir d'Aen opgemaach - wuertwiertlech.

"Ech mierken, wéi vill ech nach ëmmer op déi kleng Visioun vertrauen, déi ech hunn", seet déi 28 Joer ale Sozialaarbechterin beim CDV. "Näischt ze gesinn ass ganz anescht, wéi nëmmen e bëssen ze gesinn.”

Si mengt, datt Eventer wéi dëst wichteg sinn, fir op d'Probleemer vu Leit mat visuelle Behënnerung ze sensibiliséieren.
"Ech mengen et ass super, datt Leit, déi gutt, schlecht oder guer net gesinn, all hei zesumme sinn", seet si. "Eis Bedierfnesser sinn net ëmmer siichtbar. Dat gëtt Leit, déi gesinn, d'Méiglechkeet sech mat enger Gemeinschaft ze verbannen, déi dacks iwwersi gëtt. An et ass schéin, datt mir all esou en Dag zesumme verbréngen a Sport maachen - well den Zougang zum Sport net fir jidderee gläich ass.”

Fir Nicky Wilheim Kraus, eng fréier CDV-Sekretärin, déi viru kuerzem eng Operatioun um Häerz hat, huet dësen Turnéier hire Retour bei de Sport markéiert. "Et ass wierklech lëschteg an e bësse konfus, well een ni wierklech weess, wou een drun ass," laacht si. "Mä dat ass, wéi d'Liewe soll sinn. Mir solle keen ausschléissen. Mir sollen zesumme schaffen, net géintenaner. Blann Leit kënnen alles maachen - si sollen net einfach ausgeschloss ginn."

All Spill dauert nëmmen aacht Minutten. D'Kommunikatioun um Terrain ass minimal, esou datt d'Spiller de Ball kloer héiere kënnen. Fir net blann Participanten ass d'Erfarung dacks desorientéierend, ma se bitt eng komplett nei Perspektiv.

Och de Charles Schaack, deen d'Thema duerch seng Aarbecht bei dem CDV kennt a Léiermaterial dozou entwéckelt, huet et eng Erausfuerderung fonnt.

"Et ass zimmlech desorientéierend," seet hien. "Dir kënnt näischt gesinn, dir sidd ganz ofhängeg vun ärem Gehéier. Dir musst séier reagéieren. Wann de Ball kënnt, daucht dir dofir ... an heiansdo deet et wéi!” Kompetitioun, Spaass a Sensibiliséierung - dorëm geet et am Event. An de Pierrot Felten hofft, datt et nach vill Jore weidergeet.

"Mir hoffen, datt et eng Traditioun gëtt," seet hien. "Mir hoffen, datt den Interessi fir d'Evenement weider geet, net nëmme bei de Participanten, mä och bei deenen, déi hëllefen, d'Evenement z'organiséieren an z'ënnerstëtzen. Datt si Joer fir Joer zréckkommen."