Fënnef Joer virum Ausbroch vum Éischte Weltkrich gebuer, ass d'Ethal Caterham mat 115 Joer lo den eelste Mënsch op der Welt. Hiert Geheimnis? Ni streiden.

Ni streiden - mä trotzdeem maachen, wat d'Häerz wëll: Sou faasst déi 115 Joer al Brittin Ethel Caterham d'Rezept fir hiert laangt Liewen zesummen. Zanter leschtem Donneschdeg, den 1. Mee, ass si den eelste Mënsch, deen nach lieft. D'Caterham iwwerhëlt domat den Titel nom Doud vun der brasilianescher Nonn Inah Canabarro, déi mat 116 Joer leschte Mëttwoch gestuerwen ass. Dat huet de Gerontology Research Group (GRG) leschten Donneschdeg offiziell matgedeelt.

Gebuer ass déi nei Alterspresidentin vun der Mënschheet an engem Duerf an der brittescher Grofschaft Hampshire den 21. August 1909. Der brittescher Datebank "Oldest in Britain" no ass d'Caterham ausserdeem déi nach lescht liewend Biergerin vum 1910 verstuerwene Kinnek Edward VII.

Als Jugendlech ass d'Caterham an den 1920er Joren an déi deemoleg brittesch Kolonie Indien gereest, wou si als Au-pair-Meedche fir eng Zaldotefamill geschafft huet. 1933, am Joer, an deem den Adolf Hitler an Däitschland un d'Muecht koum, war si bestuet ginn. Hire Mann ass schonn 1976 gestuerwen. D'Brittin huet haut dräi Enkel a fënnef Urenkel. Wéi si leschte Summer 115 Joer al ginn ass, huet de Kinnek Charles III hir perséinlech fir deen "iwweraus bemierkenswäerte Meilesteen" gratuléiert.