... 90 Joer: D'Parkauer gëtt patentéiert

© Pixabay
De Moossapparat, dee mat Mënz gesteiert gëtt, kënnt 2 Méint méi spéit fir d'éischt an den Asaz a gëtt "Black Mary" genannt.
Wat ass soss nach alles geschitt op engem 13. Mee?
3 Deeg no Amtsuntrëtt adresséiert sech den neie brittesche Premier Winston Churchill un d'Ënnerhaus an erkläert d'Ziler, déi hie mat senger Regierung verfollege wëllt. Mat schounungsloser Éierlechkeet schwiert hie Land a Leit op e laangen an haarde Krich a géint Nazidäitschland. Seng Blood, Toil, Tears and Sweat Ried verfeelt net hir Wierkung.
Mam Grousse Präis vu Groussbritannien gëtt 1950 déi éischte Course vun der neier Formel-1-Weltmeeschterschaft gefuer. 21 Pilote ginn un den Depart, et gewënnt den Italiener Giuseppe Farina op Alfa-Romeo, dee spéider och Weltmeeschter wäert ginn. De Grand Prix muss samschdes gefuer ginn, well dem englesche Kinnek George VI. seng Sonndesrou helleg ass. Bis haut ass all Joer de Grousse Präis vu Groussbritannien gefuer ginn.
Zu Roum gëtt de Poopst Jean-Paul II. 1981 bei engem Attentat schwéier blesséiert, wéi en am Papamobil iwwer d'Péitersplaz gefuer gëtt. En tierkesche Rietsextremist schéisst 2x op de Poopst, deen awer iwwerlieft. Dat italieenescht Parlament kënnt 2006 no jorelaangen Ënnersichungen zur Erkenntnis, dass den Uschlag am Optrag vum Leonid Breschnew vum militäreschen Noriichtendéngscht vun der Sowjetunioun a vum bulgaresche Geheimdéngscht geplangt war.
1989 fänkt zu Peking d'Besetzung vun der Plaz vum himmlesche Fridden un, wéi puer honnert Studenten an en Hongerstreik trieden. Et si vill auslännesch Reporter an der Stad, well 2 Deeg drop de Michail Gorbatschow op Staatsvisitt kënnt. Séier entsteet duerno eng Aart Zeltstad, déi Ufank Juni mat militärescher Gewalt geraumt wäert ginn.
1990 kënnt et zu schwéiere Krawallen, wéi a Jugoslawien Dinamo Zagreb a Roude Stär Belgrad géintenee spillen. D'Partie steet stellvertriedend fir den Zoustand vum gespléckte Land a gëllt mat als éischte Fonke fir de Biergerkrich an den Zerfall vun der Natioun, déi wéineg méi spéit wäerten ufänken.
Haut viru 25 Joer explodéiert zu Enschede an Holland eng Fabrick, an där pyrotechnescht Material fir Freedefeiere produzéiert gëtt. 23 Persoune kommen dobäi ëm d'Liewen, bal 1.000 gi blesséiert a ronn 1.500 Haiser beschiedegt oder zerstéiert. De Schued beleeft sech op gutt 450 Milliounen Euro.