Hien ass den éischte Poopst op Visitt am Grand-Duché. Den Hellege Papp huet 11 verschidde Plaze besicht an huet virun Zéngdausende vu Leit Masse gehalen.

Haut virun...

Wat war soss nach alles lass op engem 15. Mee?

Haut virun 120 Joer ginn am US-Bundesstaat Nevada aus 44 Hektar Land 1.200 Parzelle gemaach an déi Grondstécker ginn u Spekulanten an Investisseure verkaaft. En Zuch fiert och schonn do, alles ass prett fir eng nei Stad ze grënnen. Et ass d'Gebuertsstonn vu Las Vegas. 1931 wäert d'Glécksspill legaliséiert ginn.

Haut viru 85 Joer ass de sougenannten N-Day. Op deem Dag fänkt déi amerikanesch Entreprise DuPont un, Nylonsstrëmp ze verkafen. Ee vun hire Chemiker hat d'Nylonsfaser 5 Joer méi fréi erfonnt a sech d'Hierstellung vun de Strëmp patentéiere gelooss. Den Ausdrock Nylon ass warscheinlech wärend dem Zweete Weltkrich entstanen.

Dee selwechten Dag, 1940, geet zu San Bernardino a Kalifornien, deen éischte McDonald's Restaurant op. D'Bridder Richard a Maurice McDonald ginn 8 Joer méi spéit bekannt duerch hir innovativ a rationell Manéier fir Burgeren zouzebereeden. Haut ass et déi weltwäit gréisste Fast-Food-Chaîne, déi och zu Lëtzebuerg 12 Filialen huet.

Een Dag no senger Grënnung gëtt 1948 den neie Staat Israel vun den USA, vun der Sowjetunioun a vu de Vereenten Natiounen offiziell unerkannt. Gläichzäiteg fänkt den Arabesch-Israeelesche Krich un, wéi kuerz no Mëtternuecht d'Arméie vun Ägypten, Transjordanien, Syrien, Libanon an Irak déi nei Natioun ugräifen.

1974 iwwerfalen am Norde vun Israel 3 palästinensesch Terroristen eng Schoul an huelen 115 Persounen als Geiselen. D'Befreiungsaktioun vun enger Spezialeenheet geet schif, 31 Leit kommen ëm d'Liewen, dorënner 21 Schüler. Duerch déi nei Taktik vum Suiziduschlag mussen duerno d'Verhandelen an d'Bekämpfe vun Terrorismus nei iwwerduecht ginn.

1988 fänkt déi Rout Arméi un, sech aus dem Afghanistan zréckzezéien, sou wéi et am Ofkommes vu Genf festgehale gouf. 9 Méint méi spéit sinn déi lescht sowjetesch Zaldoten ofgezunn an d'Land, dat ronn 1 Millioun Doudeger ze bekloen huet, geréit an e Biergerkrich.