... 51 Joer: Helmut Schmidt gëtt Bundeskanzler
© dpa Picture-Alliance via AFP
Nodeems de Willy Brandt wéinst der Guillaume-Affär zréckgetruede war, gëtt den Helmut Schmidt 1974 als neie Bundeskanzler vereedegt.
Wat ass soss nach alles passéiert op engem 16. Mee?
1929 ginn zu Hollywood déi éischt 12 Oscare verdeelt. Op engem Dinner mat 270 Gäscht gëtt den Däitschen Emil Jannings als Éischte mam Oscar fir déi bescht männlech Haaptroll ausgezeechent. Nei sinn d'Nimm vun de Gewënner awer net. D'Academy of Motion Picture Arts and Sciences hat se schonn 3 Méint méi fréi verëffentlecht.
1943 brennen d'Nazien de Ghetto vu Warschau nidder a sprengen déi Grouss Synagog. Eréischt domat ass de véier Woche laangen Opstand géint d'Deportatiounen néiergeschloen. Ronn 1.000 Mënsche komme bei dëser Revolt ëm d'Liewen.
1946 fänkt zu Dachau de sougenannte Malmédy-Prozess géint 73 däitsch Zaldoten an Offizéier un, déi am Wanter 1944 zu Malmédy 82 amerikanesch Krichsgefaangener erschoss haten. Genee dee selwechten Dag gëtt zu Hameln den däitsche Chemiker Bruno Tesch gehaangen. Seng Firma hat den Nazien d'Gëftgas Zyklon B produzéiert a geliwwert.
1966 fänkt a China déi sougenannt Kulturrevolutioun un. Et ass eng politesch Campagne vum Mao Zedong a sengen Alliéierten. Se dauert bis 1976 a gëtt a China och als "Zéng Joer Chaos" bezeechent, an deenen al Denkweisen, Kulturen, Gewunnechten a Sitte geännert solle ginn. Millioune Leit falen der Beweegung zum Affer.
Haut viru 50 Joer ass déi japanesch Biergsteigerin Junko Tabei déi éischt Fra, déi de Sommet vum Mount Everest erreecht. Puer Deeg virdru war si bei enger Lawin nach bal gestuerwen. 1992 gëtt d'Junko déi éischt Fra, déi déi héchste Bierger op alle 7 Äerddeeler erklëmmt.