Touristen, déi nohalteg reesen, gi belount

© pexels.com / Pixabay
Den Touristebüro vun der dänescher Haaptstad Kopenhagen huet e Programm annoncéiert, mat deem Touristen, déi nohalteg reesen, belount ginn.
Virun allem Touristen, déi mam Zuch an d'Stad kommen, solle vu Virdeeler kënne profitéieren. Dat am Kader vun der Initiativ "CopenPay", déi 2024 op klenger Échele getest gouf a vun e Méindeg un an der ganzer Stad ëmgesat gëtt.
D'Touriste ginn dozou animéiert, mam Zuch an déi dänesch Haaptstad ze reesen, an op d'mannst véier Deeg dozebleiwen. Wien dat mécht, ka vun enger ganzer Partie Virdeeler profitéieren. Ënner anerem kritt ee gratis e Vëlo zur Verfügung gestallt, muss manner Entrée fir verschidde Visite-guidéeë bezuelen, ka fir näischt a Yoga-Course goen oder fir näischt vegetaresch zu Moien iessen.
D'Campagne geet de 17. Juni un a leeft fir néng Wochen. Am Ganze maachen 90 Plazen zu Kopenhagen an an der Ëmgéigend vun der Stad mat, dorënner den däneschen Nationalmusée an déi Urban Schipist "Copenhill".