... 35 Joer: Homosexualitéit ass keng Krankheet méi

© AFP
D'Weltgesondheetsorganisatioun sträicht bei hirer Decisioun Homosexualitéit aus dem Diagnosschlëssel vu Krankheeten.
Wat war soss nach alles lass op engem 17. Mee?
Haut virun 179 Joer krit den Adolphe Sax e Patent op seng Erfindung vum Saxophon. De Belsch huet séier Succès mat deem neien Instrument, seng Fabrick soll der méi wéi 20.000 gebaut hunn. Trotzdeem geet de Betrib puermol d'Baach eran an de Mann stierft spéider ouni e Sou an der Täsch.
1861 organiséiert den Thomas Cook déi éischte Pauschalrees. De britteschen Tourismus-Pionéier offréiert eng Rees op Paräis, mat Daach iwwert dem Kapp an Iessen am Präis inclus. Brittesch Aarbechter reese per Schëff a Bunn a si begeeschtert. D'Joer drop wäert de Cook scho Reesen an d'USA ubidden.
1928 fänken zu Amsterdam déi 9. Olympesch Summerspiller un. Et ass déi éischte Kéier, dass dobäi dat olympescht Feier ugefaange gëtt. De spéideren Tarzan-Acteur Johnny Weissmüller kann am Schwammen zweemol Gold gewannen. Jéngste Medailegewënnerin ass déi italieenesch Turnerin Luigina Giavotti mat net emol 12 Joer.
1952 ruffe Sportsveräiner aus Innsbruck, Partenkirchen, Bischofshofen an Oberstdorf déi sougenannten Deutsch-Österreichische Springertournee aus. Doraus huet sech déi allsäits bekannte Véierschanzentournée entwéckelt. Bis elo konnte réischt 3 Sprénger alle 4 Kompetitioune vu jeeweils engem Joer gewannen.
Den Ieweschte Geriichtshaff vun den USA verbitt 1954 d'Rassentrennung an ëffentleche Schoulen. Déi Entscheedung markéiert zwar d'Enn vun dëser Separatioun, mä opgrond vun der Aart a Weis wéi d'Urteel formuléiert ass, wäert et nach laang dauere bis zur praktescher Ëmsetzung. D'Integratioun gëtt vu ville Gemenge schleefe gelooss.
Besser spéit wéi ni. D'Lëtzebuerger Chamber stëmmt 1979 mat 32 géint 14 Stëmmen (an 10 Enthalungen) dofir, dass d'Doudesstrof ofgeschaaft gëtt. Am Grand-Duché gouf se fir d'lescht de 24. Februar 1949 ausgeféiert. Nach emol 20 Joer nom Verbuet, 1999, wäert dann och an der Verfassung festgehale ginn, datt d'Doudesstrof net méi zréck agefouert ka ginn.

© AFP