Den Tourismus a Griicheland huet sech vun der Staatsscholdekris aus dem Joer 2010 an der Corona-Epidemie gutt erholl.

Zuele soen ons haut, dass 13% vum griichesche PIB, dat sinn 23,5 Milliarden Euro, aus der Touristebranche stamen. Dat sinn der ëmmerhin 23 % méi wéi viru 4 Joren.

Griicheland huet alles, wat den Tourismus unzitt: Wonnerschéi Plagen, e kristallkloert Mier, gutt Temperaturen an eng Joerdausend al Geschicht. Och, déi mediterran excellent Kiche kann ee scho mol zum iwwerleeë bréngen, wou een déi nächste Vakanz kéint higoen.