No engem Videodréi op engem Site, deen zum Patrimoine vun de Maya gehéiert, fuerdert déi mexikanesch Regierung Schuedenersatz vum Youtuber "MrBeast".

Dat, well de Youtube-Star sech net un d'Konditioune vu senger Dréi-Geneemegung gehalen hätt, wéi den nationale mexikaneschen Institut fir Archäologie "Inah" op "X" schreift. Esou hätt an der Erlabnis fir ze dréien, net gestanen, dass de "MrBeast" Biller vum Patrimoine dierft benotzen, fir Reklamm ze maachen.

De Youtuber, dee mat biergerlechem Numm James Donaldson heescht, mécht am Video, deen um Site vun de Maya gedréit gouf, Reklamm fir seng Schockelasmark. Hie behaapt ënner anerem, dass säi Schockela vun de Maya iwwerpréift gi wier.

Am Video, deen den 10. Mee verëffentlecht gouf, huet de "MrBeast" d'Maya-Patrimoine Calakmul, Chichen Itzá a Balamcanché am Südoste vu Mexiko besicht. De Video gouf antëscht iwwer 60 Millioune Mol ugeklickt. De Video huet a Mexiko och onofhängeg vun der Reklamm fir Kritik gesuergt. An de Kommentaren ënnert dem Video gouf ënner anerem d'Fro gestallt, firwat e Friemen op dës Plazen dierft goen, wann net mol Mexikaner dat dierften. An engem anere Kommentar kritt de Youtuber reprochéiert, déi mexikanesch Kultur fir Likes ze mëssbrauchen.

No der Publikatioun vum Video ass den Debat därmoossen hëtzeg ginn, dass déi mexikanesch Presidentin Sheinbaum den "Inah" ugewisen hat, d'Dréi-Erlabnis fir dem Donaldson seng Produktiounsfirma "Full Circle Media" ze iwwerpréiwen. Wa géint d'Bestëmmung vun der Geneemegung verstouss gi wier, missten et Sanktioune ginn, sou déi mexikanesch Staatscheffin.