Bekannt aus dem Bond-Film "Never Say Never Again"
D'Villa "Le Roc Fleuri" zu Nice gëtt verkaf

De Mont-Born zu Nice
Zu Nice ass den Ament e Gebai mat enger ganz besonnescher Histoire an der Vente.
Et handelt sech dobäi ëm d'Villa "Le Roc Fleuri", déi 1856 fir de Britt Robert Smith gebaut gouf. D'Wiesen, wat am Ganzen aus dräi Gebaier - enger Haapt-Villa an zwee Haiser fir d'Gäscht - besteet, erstreckt sech um Mont-Boron iwwert en Terrain vun 22.000 Metercarré, dee bis bei d'Mier geet.
Dat wat d'Villa allerdéngs fir de Grand Public virun allem interessant dierft maachen, ass ee vun hire fréiere Besëtzer. Dës huet nämlech dem éischten James-Bond-Duersteller Sean Connery gehéiert. Ma domat net genuch, d'Villa war nämlech och am Bond-Film "Never Say Never Again" ze gesinn.
Am meeschte gelies