Wéi interesséiert een déi Jonk fir d’Wëssenschaft, fir d’Physik, d’Mathé oder de Weltraum?

Eng vu ville Méiglechkeete war déi 3. Editioun vun der Water Rocket Challenge, déi elo viru kuerzem zu Hamm war. Eng Iddi, déi aus enger Collaboratioun vum Educatiounsministère, der Luxembourg Space Agency (LSA), Esero an dem Science Center entstanen ass.

Eng Rakéit mat einfache Mëttel ze bauen, mat deem, wat een an enger Kiche fënnt, ass schonn impressionnant fir déi Jonk. Eng Plastiksfläsch, eng Pompel an en Ofschoss-Mechanismus an d’Rakéit ka gestart ginn. Vill Schoulen hate sech ugemellt an hu bei der 3. Editioun matgemaach  Mir waren hinnen iwwert d’Schëller luussen a ware schonn erstaunt, wéi wäit esou eppes fléie kann.