Zanter 8 Joer huet d'Sarah Daman eng onheelbar, autoimmun Daarmkrankheet. "Morbus Crohn" genannt. Der jonker Fra hiert Liewe war a Gefor.

D’Sarah Daman ass Mëtt 30 a Mamm vun engem klenge Jong, dem Luan, 4 Joer. Si ass elengerzéiend, kann awer op d’Hëllef vun hiren Elteren zréckgräifen. Zesumme wunnt d’Famill am Süde vum Land.

Zanter Enn Dezember 2016 ass d’Liewe vum Sarah net méi ewéi virdrun. No méintelaanger Péng koum déi jonk Fra an d’Urgence. "Ech konnt mech net méi riicht halen", sou d’Sarah am Gespréich. Hir Bluttwäerter ware ganz schlecht. "Am Ultraschall huet de Gynekolog Flëssegkeet am Bauch entdeckt. Den Dokter huet mech dunn direkt fir eng Operatioun preparéiert. Alles goung du ganz séier", sou erzielt mir d’Sarah Daman hire Leidenswee.
"Ech hunn 30 Zentimeter Daarm erausgeholl kritt."

Den 3. Januar 2017 gouf d’Sarah wärend 9 Stonnen operéiert. Deemools war si just 30 Joer al. "Ech hat zwee Lächer am Daarm. De Blinddarm war geplatzt an de rietsen Eeërstack war duerch de ganzen Eeter um Daarm mat ugewuess. Ech war no un enger Bluttvergëftung. Dräi Dokteren hu mir d’Liewe gerett."

Diagnos: Morbus Crohn – eng autoimmun, onheelbar Daarmkrankheet

Dës Diagnos huet dem Sarah de Buedem ënnert de Féiss ewechgerappt. "Ech hunn ëmmer gär giess, hunn ëmmer vun allem giess. Vun do u kann ech villes net méi iessen. Ech hu mech onwuel a menger eegener Haut gefillt. Ech war mol net kapabel, no mir selwer ze kucken", sou beschreift mir d’Sarah seng Gefiller no der Operatioun.

An hirer Kandheet war déi jonk Fra dacks mat Bauchwéi geplot. Si gouf och deemools scho vill mat Antibioticken traitéiert. 2009 an 2012 gouf si schonn op eng eventuell Krankheet hi getest – ouni Resultat. "Well ech e Crohn hunn, dee wandert, kann et sinn, dass bei den Tester de Crohn deen Ament op enger anerer Plaz souz wéi do, wou Tester gemaach goufen", sou erkläert mir d’Sarah dës Situatioun.

"Ech hätt kéinte stierwen."

Dëst ass sech d’Sarah Daman bewosst. Dofir huet si hautdesdaags mol gutt oder och mol schlecht Deeg. "Ech hu misse léieren, d’Krankheet z’akzeptéieren. Léieren, eng onheelbar Krankheet ze hunn. Ech hu mir Hëllef gesicht, fir kënnen doriwwer ze schwätzen", sou nach d’Sarah wärend eisem Gespréich. "Famill a Frënn si ganz sécher wichteg, professionell Hëllef brauch et awer deen Ament och", weess déi jonk Fra.

Dem Sarah hiren Alldag ass ëmmer stresseg. Dat geet vu positivem bis zu negativem Stress. "Ech kann net méi plangen. Ech kann net méi soen: An enger Woch ginn ech elo e Weekend fort. Et freet een sech op dee Weekend. Et kann awer sinn, dass ech grad dee Moien opstinn an et mir sou schlecht geet, dass sech de Weekend ofblose muss."

"Et soll een ni e Mënsch jugéieren."

D’Sarah ka keng 8 Stonnen den Dag méi schaffen. Dofir gouf si reklasséiert a schafft elo 4 Stonnen den Dag beim Educatiounsministère. Autoimmun-Krankheete sinn dacks vu baussen net ze gesinn. An awer huet dëse Mënsch Leed an dacks wéi. D’Sarah huet e schreckleche Moment bei engem Aarbechtsdokter erlieft.

Dem Sarah säi Kierper verléiert vill Vitaminnen, Salz a Blutt. Middegkeet a Migräne gehéieren zu hirem Alldag.
"Mäi Bouf bréngt mir ganz vill Liewensfreed."

Houfreg ass d’Sarah Daman op hire Bouf, de Luan. "Hien ass mäi klengt Wonner", sou déi jonk Mamm. D’Sarah war duerch hir Krankheet der Meenung, dass si keng oder nëmme ganz schwéier Kanner kéint kréien. "Ech si glécklech, mäi Kand ass glécklech", dobäi laacht d’Sarah iwwer d’ganzt Gesiicht.

"Meng Schwëster spillt och eng grouss Roll a mengem Liewen. Hat ass ëmmer do fir mech. Ech si Giedel bei sengem Meedchen an eis Kanner spillen dacks mateneen", sou d’Sarah weider. Op dës Manéier ka si hiren Alldag méi oder manner gutt genéissen. "Et ginn och Deeg, wou et net geet an da sinn ech frou, meng Elteren op menger Säit ze hunn, déi dann nom Kand kucken."

"Angscht- a Panikattacken hu mech am Alldag begleet."

Nach haut kritt d’Sarah Daman mol Panikattacken. Hei huet déi jonk Fra Methode fonnt, fir sech selwer do erauszebréngen. "Ech ginn d’Hoffnung net op, dass iergendwann en Heelungsmëttel fonnt gëtt. Mee d'Krankheet hëlt kee mir ewech. Iergendwann wäert et jo vläicht Mëttele ginn, déi een heelen. Ob ech dat erliewe wäert, weess ech awer net", sou d’Sarah am RTL-Interview.

"Ech muss net duerch de Morbus Crohn stierwen, mee ech stierwen domadder." A géint e gutt Stéck Schockela huet d’Sarah näischt. "Wann ech duerno de Bauch wéi hunn, weess ech wéinstens duerch wat", sou nach déi jonk Fra.

Fir d’Sarah Daman ass et wichteg, duerch d’Erziele vu senger perséinlecher Geschicht mat der autoimmuner Krankheet de Leit, déi eng änlech Situatioun erliewen, Courage ze maachen. Ausserdeem wëll si op dës Manéier Mënsche sensibiliséieren, ouni Virurteeler op Leit duerzegoen. "Et steet mir net op der Stier geschriwwen, wat ech hunn", sou nach déi ganz couragéiert Fra.