No der Première féiert de Wee fir vill jonk Leit op d‘Uni oder an d‘Beruffswelt. Ma net esou fir d‘Kim Lanners.

Si wollt nach eng aner Experienz maachen an huet sech selwer op d‘Schëff geschéckt.

Barbados, Guadeloupe oder nach Grenada: dem Kim säi Wee féiert vun Hueschtert op d‘Antillen, also aus dem Gréngewald ënnert d‘karibesch Palmen.

"Learning by doing" an zwar um Terrain, dat ass d‘Devis vum Kim.

Op der Schoulbänk op der Première am Lëtzebuerger Lycée huet et der jonker Fra zum Schluss just mëttelméisseg gefall:

"Nëmmen Eco, Compta, wierklech immens, immens dréchen"

Séier war kloer, datt no der Première nach e Joer Paus kéim, awer kee Sabbatjoer ouni ze schaffen, awer eppes wat Spaass mécht an am beschten net op der Dier.

RTL

De Papp vum Kim huet sech un d‘Experienzen op der Päischtcroisière erënnert a koum mat der Iddi vum Schëff.

D‘Kim huet sech bei enger grousser Croisière-Firma gemellt, fir am Büro fir d‘Ausflich ze schaffen an de Retour war positiv, obwuel keng Plaz fräi war.

"Du krut ech awer eng Äntwert, well si géifen awer Leit sichen, déi Däitsch schwätzen. Well hei u Bord hu mer net vill Leit, déi Däitsch kënnen"

No e puer Demarchen an Tester goung et op fir d‘Kim op d‘Schëff. A wéi eng Gewässer et géing higoen, dat krut d‘Kim eréischt kuerz virum Depart matgedeelt an hat hat näischt dogéint, datt et e Strapp méi wäit goung wéi Nord- oder Ostéi.

"Ech hu meng E -Mail opgemaach an do stoung da Fort-de-France drop. An do hunn ech emol d'éischt sou iwwerluecht, okay, wou ass dat? An do hunn ech emol d'éischt misste googelen. An dunn, wou ech awer do gemierkt hunn, okay, Karibik wärend dem Wanter, also besser geet et am Fong net."

Op den Escalen entdeckt d‘Kim d‘Ambiance vun der Karibik, well hat d‘Touriste bei den Excursiounen iwwer Land begleet. Besonnesch Saint Martin huet him et ugedoen.

Summerlecht Wieder, paradisesch Destinatiounen, den Entertainment um Schëff, d‘kulinaresch Offer oder nach d‘Piscine an de Wellness-Beräich. Sou erlieft an der Reegel de Client eng Croisière. Ma et gëtt nach eng aner Welt méi wäit ënnen am Bauch vum gigantesche Schëff mat iwwer 6.000 Passagéier. Déi vum Equipage, ëmmerhin och 1.800 Leit.

An der Fräizäit ass d‘Crew wéi eng Famill, seet d‘Kim.

"Partyë, Karaoke nights, mir spille Bingo zesummen, Pingpong, Futtballstournoien. Also et gëtt vun alles am Fong. An doduercher wiisst een och zesummen"

Woubäi et net ëmmer einfach ass, e Moment fir sech ze fannen:

"Well an der Kabinn ass een och ëmmer zu zwee, et ass een ebe quasi ni eleng."

Déi nei Famill um Schëff ännert och näischt drun, datt een déi richteg Famill 7.000 Kilometer ewech mat Momenter vermësst.

"Et ass ee wierklech laang getrennt vu senger Famill, also dacks sechs Méint, a mengem Fall lo fënnef Méint, natierlech verlaangert een ëmmer e bëssen."
 
E Stéck Heemecht gouf et fir d‘Kim awer a reegelméissegen Ofstänn um Schëff, well och alt Lëtzebuerger Touristen sech um grousse Schëff verlaf hunn.
 
"All Woch begéinen ech Lëtzebuerger an et ass awer och schéin, heiansdo Lëtzebuergesch erëm ze schwätzen."
 
A Propos Lëtzebuerg: Viru kuerzem goung et fir d‘Kim mam Schëff iwwer den Atlantik zeréck an Europa.

Wat bleift ass eng immens Erfarung. D‘Kim huet eng nei Welt entdeckt a virun allem nei Leit kenne geléiert.

"Vun der ganzer Welt, mat deenen ech elo wierklech gutt befrënnt sinn, mat deene wäert ech och mengen ech mäi Liewe laang Kontakt halen."

Fir ëmmer um Schëff, dat wier dees Gudden dann awer bësse vill, seet d‘Kim.