Neie Weltrekord opgestallt
1.213 Museker spillen zu Frankfurt e gemeinsame Concert

© Andreas Arnold / DPA / dpa Picture-Alliance via AFP
Am Waldstadion zu Frankfurt am Main hunn 1.213 Musekerinnen a Museker e Weltrekord gebrach an déi gréisste Liveband jeemools op d'Bee gestallt.
Bis ewell haten dee Rekord 1.112 Museker gehalen, déi 2023 zu Wien beienee komm sinn. Zu Frankfurt waren d'Museker opgefuerdert ginn, mat den ënnerschiddlechsten Instrumenter an de Waldstadion ze kommen, wat déi iwwer 1.200 dunn och gemaach hunn. Mat de verschiddensten Instrumenter goufen Hits vu Robbie Williams, Tina Turner an anere live op der Bün gespillt.
Am meeschte gelies