Déi meeschte Japaner hu kee Pass a reese wann, dann am eegene Land, weess d'Corinne Kesseler, déi zënter 2022 a Japan wunnt a schafft.

Aus dësem Grond bitt d'Weltausstellung den Eenheemeschen d'Méiglechkeet, verschidde Kulture kennenzeléieren. 87% vun den iwwer 5 Millioune Visiteuren, déi d'Expo zënter hirer Ouverture den 13. Abrëll besicht hunn, ware Japaner. Den aktuelle Visiteursrekord läit bei 163.509 Visiteuren an engem Dag. Dës verdeele sech dann op engem Areal vun 1,55 km2. 160 Länner si present an 80 grouss Pavillone kann een entdecke goen, dorënner och de Lëtzebuerger Pavillon.

De GIE vum Lëtzebuerger Pavillon huet sech en interaktiivt an immersiivt Konzept afale gelooss. An dräi verschiddene Raim kënne jeeweils 25 Persoune mateneen eppes erliewen. De Lëtzebuerger Pavillon ass deemno kee "free-flow"-Pavillon, wou een an engem Stéck all hannerteneen doduerch trëppelt, mee am Ofstand vun 8 Minutte gi keng Gruppen doduerch. Eng Ëmfro vum Medienhaus Nikkei huet erginn, dass de Lëtzebuerger Pavillon op der drëtter Plaz vun de Beléiftste gelant ass.

Zum Schluss vum Pavillon kënnt een an de Restauratiounsberäich a Buttek. Gromperekichelcher a Grillwurscht, ma och Desserten, sinn déi Platen, mat deenen een de Visiteuren eis Iess-Kultur well méi no bréngen, dat zesumme mat Béier a Wäin, deen zu Lëtzebuerg produzéiert gëtt. 10 Schüler aus der Hotelsschoul këmmere sech ëm d'Kichen an de Service. D'Japaner kéime bei de Comptoir a géingen no typesch lëtzebuergeschem Iesse froen an och zu wéi engen Occasiounen dat géing giess ginn. "Oishii" wär dat Wuert, dat d'Japaner hinnen dacks géife soen. Dat heescht: "lecker".

Freides den 30. Mee ass op der Expo de Lëtzebuerger Dag ugesot. Fir eng offiziell Zeremonie ginn de Grand-Duc Henri, d'Yuriko Backes an de Xavier Bettel op der Plaz erwaart.