D'Passioun fir dee klenge Won huet beim Carlo schonn an der fréier Jugend ugefaangen.

D'Wuert Mini huet fir vill Leit ënnerschiddlech Bedeitungen. Déi eng denken un en Humpen, déi aner un eppes Klenges an nach anerer un en Auto. Esou ewéi de Carlo André, dee sech mat 15 Joer an den Auto verléift huet. Zanter iwwer 30 Joer sammelt hien elo all Mini, deen hie fënnt. Hie weess a kennt alles, wat mat Minien ze dinn huet.

Virun iwwer 40 Joer, am Alter vu 15, huet hie sech als Léierbouf an den Déngschtauto vum Patron verléift. Wéi e spéiderhin dunn säin eegene Betrib hat, huet hien ugefaange mat sammelen. Eppes, wat de Carlo ufanks nach als Miniatur hat, huet hien elo an Originalgréisst.

Als Schmadd mécht hien dann och alles selwer, wat d’Renovéieren ugeet. Esou sti scho seng nächst Projeten am Keller, déi en deemnächst an Ugrëff wëll huelen.

"Vill Saache geet een net nach eng kéier sichen"

Erkläert de Carlo. All Gefier, dat een a senger Sammlung fënnt, ass entweder en Unikum oder e Modell, vun deem et der nëmmen nach e puer op der Welt gëtt.

Eng Etage uewendriwwer steet de Rescht vu senger Sammlung , ee Mini nom aneren, schéin niewentenee geparkt , ee méi rar ewéi deen aneren, ee méi schéin ewéi deen aneren, hei weess een net méi, wou een hikucke soll. Et ass quasi e private Musée. Dem Carlo säin 1. Auto war natierlech e Mini. Et blouf awer net bei engem, den Ament huet de Carlo ganzer 85 Stéck. Déi meescht dovu si prett fir op d’Strooss, a ginn deemnächst ugemellt.

"An der Zäit krus de en Auto fir 3.000 Frang mat 33.000 Kilometer"

Deemools, wéi de Carlo ugefaangen huet mat sammelen, war et him net bewosst, dass verschidden Exemplaren haut net méi ze bezuele wieren.

"Et ass net nëmmen den Auto, et ass dat Ganzt ronderëm"

Fir de Carlo ass et awer nach vill méi, ewéi nëmmen den Auto. Et ass och dat Ganzt ronderëm, wat zu senger Passioun gehéiert. Wann hien eppes Interessantes fënnt, geet hien dat Gefier dann och selwer sichen. Dobäi reest hie vill a léiert Leit kennen, mat deenen hien haut nach a Kontakt ass.

Op där anerer Säit kucken der awer och vill komesch oder verstinn dat net, wann e Mënsch fir en Hobby oder seng Passioun lieft. Mee dat ass dem Carlo zimmlech egal. Hien ass zanter Kuerzem pensionéiert a mécht, wourop e grad Loscht huet. Esou kann et alt emol sinn , dass hien an der Woch e puer dausend Kilometer fiert, fir een oder e puer Minie sichen ze goen. E Mann, dee säin Hobby, seng Pensioun a seng Passioun zu 100 Prozent genéisst.