Fënnef Jonker starten eng Mini-Entreprise géint Bëtz
Déi lescht Woch war d'Finall vum Concours "Jonk Entrepreneure Lëtzebuerg". 117 Equippen hu matgemaach.
16 hunn et an d’Finall gepackt, dorënner och d’Ekipp LeftLovers.
Bei engem Vakanzenjob huet den Elie Bertrand erlieft, wéi vill gutt Produiten owes ewechgehäit ginn. Hie wollt eppes dorunner änneren. Mat véier Kolleegen hunn si also eng Mini-Entreprise gegrënnt. Duerch hiren Internetsite kënne Clienten elo direkt bei Commercen onverkaaften Produite kafen, déi soss oflafe géingen. Dat Ganzt zu engem méi nidderege Präis. Bal 100 Tuten hu si op déi Manéier scho verkaf.
Ongeféier zwou Stonne schaffen déi engagéiert jonk Entrepreneure pro Dag un hirem Projet. An dat ausserhalb vun der Schoul. D'Deuxièmes-Schüler hunn et duerch hir haart Aarbecht an der Finall vum Concours Jonk Entrepreneure gepackt.
"Also als Éischt sinn ech mega frou, hei ze sinn, t’ass eng mega grouss Geleeënheet. Och immens frou a stolz, well et war vill Aarbecht fir heihin ze kommen an och wéi gesot bëssen Adrenalin well de Pitch lo kënnt. T'ass bësse Stress, mir wëllen dat gutt maachen, mir wëssen net, wie gewanne kann. Also jo, bësse Mix vu villen Emotiounen."
Fir d'Zukunft hu si all scho konkret Iddien: Si wëlle sech als vollstänneg Entreprise umellen an de Service a ganz Lëtzebuerg grouss maachen. Mat hirer Aktioun hoffe si beim Verréngere vu Liewensmëttelverschwendung bäizedroen. De Produzent mécht manner Bëtz, de Konsument bezilt manner, eng Win-Win-Situatioun.