De Lëtzebuerger Pascal Nicolay op senger lo schonn 11. Weltausstellung

© RTL
Och dëst Joer ass de Lëtzebuerger Pascal Nicolay nees dobäi, dat zu Osaka a Japan. Mir hunn den Enthusiast vun de Weltausstellungen zu Osaka getraff.
Zënter der éischter internationaler Weltausstellung zu London am Joer 1851, huet se eng reegelrecht Traditioun an zënter Ufank un och eng Zort "Faszinatioun".
De Pascal Nicolay ass wuel och onëmstridde vun dëser Faszinatioun gepaakt: 7 grouss international Weltausstellungen a 4 méi klenger vun der Kategorie 2, déi tëscht dem normale Fënnef-Jores-Rhythmus sinn.
"Et ass e bësse wéi e Fräizäitpark an dann hues de all déi Natioune-Pavillonen, wou Länner sech virstellen, awer och Theeme-Pavillonen, wou d'Problematike vun der Welt, ob dat Nohaltegkeet, Ëmwelt, Verkéier, Mobilitéit,.. all méiglech Theemen do explizéiert ginn. Déi meescht Pavillon sinn architektonesch och interessant. Du hues ëmmer flott Saache vun der Architektur. D'Länner stelle sech vir. Touristesch, gastronomesch, kulturell. Du hues d'ganz Welt op enger Plaz hei."
An natierlech kënnt ee mat Leit aus de verschiddene Länner a Kontakt an et géif een och mat hire Kulturen dann a Kontakt kommen, sou de Pascal Nicolay, dee reng privat op der Expo zu Osaka ass.
Mat der Zäit géif een dann och mëttlerweil déi eng oder aner Leit aus der Organisatioun vum Lëtzebuerger Pavillon, der Hotelsschoul oder de Ministère kenneléieren an och ëmmer nees erëmgesinn. "Lëtzebuerg ass en Duerf", sou de Pascal, deen fir déi 4. Kéier dann och um Lëtzebuerger Dag dobäi ass.
Wat direkt géif opfalen, wier déi riseg Holzkonstruktioun, souzesoen d'Entrée vun der Expo a Japan: "All Weltausstellung huet an sech ëmmer seng Warzeechen. Paräis hat den Eiffeltuerm, Bréissel huet den Atomium. Zu Dubai war et och e grousst Gebai. Also an hei ass elo eeben déi Holzkonstruktioun, sou datt een ëmmer en extra Warzeechen huet."
Déi grouss Weltausstellunge musse 6 Méint daueren, d'Theeme wieren dohier dacks bewosst méi "generell" ausgesicht. D'Länner géifen dann och dacks dorëmmer hire Pavillon opbauen, och wann net all Land dat géif maachen. Ma sou kéint awer praktesch jiddereen sech an engem Theema erëmfannen, sou op alle Fall d'Erklärung vum de Pascal Nicolay.
Fir sou eng grouss Weltausstellung, muss ee sech Zäit huelen, an 1-2 Deeg wier dat net ze maachen, sou den Expo-Expert. Minimum 5 Deeg misst een aplangen, fir all Pavillon ze maachen. Hei muss een dann och arechnen, dass ee mol méi laang op enger Plaz brauch oder sech Schlaange bilden.
"Normalerweis ass et wichteg d'Zäit ze huelen am Owend, am spéiden Nomëtten, wa vill Leit scho erëm Heem sinn, da geet et ganz séier. Moies stinn d'Leit eng Stonn oder méi um 9-10 Auer an enger Schlaang an dann owes, wann et dann no 4, 5 Auer ass, do kanns de doduerch rennen, do kanns de ganz rationell da schaffen."
Wéi den Interview gemaach gouf, war de Pascal Nicolay selwer nach net am Lëtzebuerger Pavillon gewiescht, hat awer scho matkritt, dass eng Keelebunn soll do sinn, déi hien natierlech wäert testen.