Haribo rifft "Happy Cola F!ZZ" wéinst Presenz vu Cannabis zeréck

© MIGUEL MEDINA AFP
Bei enger Partie Leit, dorënner och Kanner, wier et zu gesondheetleche Problemer komm, sou déi hollännesch Autoritéiten en Donneschdeg.
Bis ewell wieren zwar nëmmen an dräi Tuten "Happy Cola F!ZZ" Cannabis entdeckt ginn, ma aus Sécherheet goufen alleguerten d'Produiten vun dëser Zort an Holland zeréckgeruff.
"Et sinn Tute mat Séissegkeeten am Ëmlaf, déi, wann een se ësst, gesondheetlech Niewewierkungen wéi Dronkenheet ervirruffe kënnen", esou d'NVWA, déi national Agence fir Liewensmëttelsécherheet an Holland.
"An de betraffene Cola-Fläschen gouf Cannabis entdeckt", sou eng Spriecherin vun der Agence der AFP géigeniwwer. "E puer Persounen, souwuel Kanner, wéi Erwuessener, sinn, nodeems se d'Kamelle giess hu, krank ginn." D'Police ënnersicht elo, wéi Cannabis an déi séiss Kamelle vun Haribo komme konnten.
Et gouf der säitens Haribo eng Sécherheetswarnung zesumme mat der NVWA erausginn, d'Agence selwer warnt, op kee Fall dës Séissegkeeten ze konsuméieren. Haribo selwer schwätzt vun engem "eeschte" Virfall. "D'Sécherheet vun eise Clienten huet déi héchste Prioritéit", sou de Vizechef vum Marketing bei Haribo, de Patrick Tax.
Hie weist drop hin, dass et sech just ëm "eng begrenzten Unzuel vu Fäll" géif handelen. Haribo kooperéiert enk mat der Police zesummen, fir de Grond vun der "Veronrengegung" ze klären.