Well de Baseng vun enger oppener Schwämm 8 Zentimeter ze flaach ass, dierf aus Sécherheetsgrënn net méi vum 3-Meter-Briet dra gespronge ginn.

Virleefeg ass de Spaass eriwwer an enger oppener Schwämm am Krees Gütersloh a Nordrhein-Westfalen. De Baseng erfëllt net d'DIN-Norm 13451-10, déi beseet, dass eng Déift vun op d'mannst 3,70 Meter virleie muss, fir dass vun engem 3-Meter-Sprangtuerm dierf dragespronge ginn (jo déi Norm gëtt et wierklech). An där concernéierter Schwämm sinn et awer just 3,62 Meter. Well 8 Zentimeter Déift feelen, kéint d'Stad am Fall vun engem Accident haftbar gemaach ginn. Den Tuerm ass dowéinst bis op Weideres vun der Deutschen Gesellschaft für das Badewesen DGfdB (jo déi gëtt et och wierklech) zougemaach ginn.

De Buergermeeschter Theo Mettenborg hat es awer elo genuch vun där Zentimeter-Zielerei an huet mat enger ongewéinlecher Aktioun wolle beweisen, dass d'Anlag sécher ass. Virun engem Jury aus Fachleit sinn 300 Persounen 1000 Mol vum illegale Sprangbriet an de nonkonforme Baseng gesprongen. Fir de Fall vun engem Fall waren um Buedem vun der Schwämm Rettungsdaucher am Asaz. Et koum awer net zu engem eenzegen (On)fall. Sou wéi an de 66 Joer zanter der Konstruktioun vun der Schwämm.

De sprangende Punkt

Dass hei déi selwecht Norme sollen erfëllt ginn, déi fir e Kompetitiounsbaseng gëllen, wier net acceptabel, sou e Responsabele vum Waassersprénger-Verband. Do géifen d'Athlete bis zu 4 Meter héich sprangen an esou logescherweis aus bis zu 7 Meter Héicht andauchen. Dat wier an dëser Schwämm jo awer kloer net de Fall. Dowéinst wier et komplette Quatsch, op Paragraphe ronderëm ze reiden, well hei méi e kuerzt a méi steift Briet verbaut wier.

D'Auswäertung vum Sprangmarathon leeft nach an esou laang bleift den Tuerm zou. Dass dem Baseng 8 Zentimeter Déift feelen, war zoufälleg bei enger Kontroll konstatéiert ginn. Lo wier d'DGfdB awer net d'DGfdB, wa se net scho Léisunge parat hätten. Entweder et kënnt en onbeweeglecht, fest Briet op de Sprangtuerm (Käschtepunkt ronn 40.000 Euro) oder de Baseng muss méi déif geluecht ginn. Wien dat soll bezuelen dierfen, hu se net virgeschloen, mee si selwer wäerten et wuel kaum sinn.