23,4 Millioune Millionären
Et gouf nach ni esouvill Millionären op der Welt wéi aktuell
D'Zuel vun de Leit, déi op d'mannst ëmgerechent eng Millioun Dollar um Compte oder Cash hunn, ass zejoert am Verglach mat 2023 ëm 2,6% geklommen.
Dat mellt déi franséisch Consultantsfirma Capgemini an hirem 29. Rapport iwwert de weltwäite Räichtum. Deemno ginn et den Ament 23,4 Millioune Millionären op der Welt.
Zu Lëtzebuerg ass d'Zuel vun de Millionären awer ëm 5,7% op 43.600 Millionäre gefall.
Am meeschte gelies