Eng Etüd vun InterNations huet Stied weltwäit duerno bewäert, wéi einfach et fir Expats ass, sech do anzeliewen an Deel vun der Gesellschaft ze ginn.

D’"Expat Insider 2024"-Etüd baséiert op Äntwerte vun iwwer 12.000 Expats aus 175 Länner. Si hunn hir Erfarungen an 53 Stied bewäert. Dorënner, wéi wuel si sech fillen, wéi einfach et ass, Frënn ze fannen a wéi frëndlech déi lokal Bevëlkerung op si reagéiert.

Däitsch Stied op der hënneschter Plaz

Berlin, Hamburg a München gehéieren zu deene Stied, déi am schlechtsten ofgeschnidden hunn. Berlin huet et nëmmen op Plaz 51 vun 53 gepackt, München souguer op déi lescht Plaz. Kritiséiert goufe virun allem déi kal Atmosphär, déi schwiereg Bürokratie an d’Schwieregkeeten, fir sozialen Uschloss ze fannen.

Vill Expats beschreiwen dat lokaalt Ëmfeld als distanzéiert. De Stil vun der Kommunikatioun – zum Beispill d’"Berliner Schnauze" – gëtt net ëmmer als charmant, mee dacks als ofweisend interpretéiert.

Spuenesch Stied kënne punkten

Am Géigesaz dozou sti Stied wéi Málaga, Valencia a Mexiko-City ganz uewen op der Lëscht. Dës Plaze ginn als oppen, frëndlech a liewensfrou beschriwwen. Expats fannen do séier Frënn a fille sech kulturell direkt opgeholl.

Zu Málaga sote 84 Prozent vun de Befroten, si géife sech doheem fillen. De globalen Duerchschnëtt läit bei nëmmen 58 Prozent. Déi liewensfrou Atmosphär an d’Integratioun vu Leit aus anere Kulture ginn hei besonnesch héich geschat.

Eng subjektiv mee wäertvoll Perspektiv 

Och wann d’Etüd op perséinleche Meenungen an Erfarunge baséiert, bitt si en nëtzleche Bléck op d’Fro: Wéi wuel fille sech Mënschen, déi nei an eng Stad kommen? Fir Politiker, Touristebüroen an Integratiounsinstituter kann esou e Feedback wichteg sinn.

Fir Stied, déi schlecht ofgeschnidden hunn, kéint dat en Denkustouss sinn: net nëmme Stroossen an Infrastruktur si wichteg, mee och mënschlech Wäerter an Oppenheet.

Lëtzebuerg iwwerdeems läit op der Plaz 39 vun 53. Ganz esou schlecht wéi eis däitsch Nopere schneide mir zwar net of, ma et ass awer nach Sputt no uewen.

RTL

© InterNations