Biodiversitéit op eise Wisen erhalen a schützen
Zanter Februar ass de Site hee.lu vum Naturschutzsyndikat SICONA online.
Op der Plattform kann Hee kaaft a verkaf ginn. Op grouss oder kleng, quadratesch oder ronn, et fënnt een allerlee Zorten Heebotten um Site.
Hee.lu ass Deel vun der nationaler Gréngland-Strategie vum Ëmweltministère, deen de Site och zu 100% finanzéiert huet. D’Vanessa Duprez vum wëssenschaftlechen Departement vu SICONA erkläert: “Do ass d’Zil, dass mir d’Heebourse erstallt hunn, fir eng extensiv Bewirtschaftung ze fërdere vun eise Wisen, an eben och Hee-Produktioun och ze fërderen. Dat ass wichteg well mir brauchen eist Hee, mir brauche Wisen, déi méi spéit geméit ginn. Fir dass mir eis Biodiversitéit erhale kënnen op eise Wisen.”
Wëssen, wat am Hee dran ass
Op den Annonce selwer gesäit een deels, wat alles am Hee dran ass. Wann een en Doute huet, kann een och de Bauer kontaktéieren a sech selwer e Bild vum Hee maachen, ier een et keeft. Esou kann ee sécher goen, dass d’Qualitéit vum Hee gutt ass, a wat alles vu Blummen a Kraider dran ass.
De Klengdéierenziichter Paul Theisen huet selwer eng Annonce um Site fir säin eegent Hee ze verkafen. Fir seng geziicht Kanéngercher gëllt dat heiten: “Beim Hee ass et wichteg, dass vill Struktur ass, dass et verschidden Zorte Grieser sinn, dass och Kraider dra sinn. Bei de Kanéngercher ass dat wichteg, si hunn e Stopfmagen, si brauche vill Rohfaser.”
Biodiversitéit fërderen
Wann ee qualitativ gutt Hee wëll maachen, da muss een op seng Wisen oppassen. Fir Hee ze hunn, dat räich u Kraider ass, muss d’Biodiversitéit geschützt an ënnerhale ginn. Do ginn et e puer Richtlinne vu Sicona, déi si zesumme mat de Baueren ausgeschafft hunn. Engersäits soll een ongeféier nom 15. Juni méien, fir dass d’Kraider an d’Grieser kënnen an d’Bléi kommen an aussomen. Och soll net gedüngt ginn oder Mëscht drop gefouert ginn.
Op aarteräiche Wise kann een ëm déi 40 verschidde Planzenzorte fannen. Net nëmme fir d’Bestëbser sinn déi wichteg, ma si spillen och eng wichteg Roll als Dünger, well verschidde Planze Stéckstoff fixéieren, deen en natierlechen Dünger ass. Och kënnen esou Wise vill Reen ophuelen, wat Héichwaasser verhënnere kann.
De Site hee.lu soll dozou bäidroen, esou aarteräich Wisen ze erhalen, well aarteräicht Hee gutt ass fir d’Déieren. An esou kann een och d’Biodiversitéit ënnerstëtzen.
“Generell Biodiversitéit op europäescher Eeben hu mir nach ëmmer den Aarteschwund. Do ass e grousse Probleem, dofir ass et wichteg, d’Leeschtunge vun aarteräiche Wisen ze honoréieren,” esou Dr. Simone Schneider vum wëssenschaftlechen Departement vu SICONA.