Well eng amerikanesch Sprinterin sech (ze?) aussergewéinlech iwwert eng Victoire freet, gëtt si disqualifizéiert.

D'Clara Adams ass 16 Joer al an eng vun de beschte Sprinterinnen op der North Salinas High School a Kalifornien. An der Finall vun de State Championships iwwer 400 Meter konnt si sech um Enn duerchsetzen. Eng Victoire, fir déi déi jonk Liichtathletin haart geschafft huet, an déi se dowéinst besonnesch gefeiert huet.

D'Sprinterin huet vun hirem Papp an Trainer e Feierläscher an de Grapp gedréckt kritt, fir sech domat hir Lafschong ofzesprëtze wéi wa se géinge brennen. Eng Aktioun, déi de fréiere Weltklass-Sprinter Maurice Greene 2004 och schonn eng Kéier bruecht hat. Wat fir d'Clara just en extra Moment war, fir hir Victoire ze feieren, war fir déi Responsabel vun der Liichtathletikfederatioun eng Onsportlechkeet. Si hunn doropshin d'Adams disqualifizéiert, déi doduerch hiren Titel verluer huet, an och an der Finall iwwer 200 Meter net méi huet dierfe starten.

Entretemps huet de Maurice Greene sech zu Wuert gemellt. Sëllege Leit hätten him vun deem Virfall erzielt an hien ass der Meenung, dass wann duerch dem Clara Adams hir Aktioun kengem e Leed geschitt wier, si den Titel soll zeréckkréien. D'Federatioun huet bis elo nach net dorop reagéiert.