Dass "al um Pabeier" net wierklech "al sinn" heescht, konnt een en Donneschdeg live materliewen.

Eng 600 Pensionnairen an 200 Mataarbechter hunn e Freideg um Pensionnairesfest vu Servior an der Luxexpo um Kierchbierg fir Stëmmung gesuergt. Et war ewell, déi 26. Editioun vum Fest, dat Servior organiséiert, fir hire Pensionnaire Merci fir hiert Vertrauen ze soen.

Ee Mol am Joer kommen déi eeler Leit aus de Fleege- an Altersheemer esou beieneen, fir e flotten Dag z’erliewen. Servior bitt den Ament 1.900 eelere Leit en Doheem, an dat a 15 Alters- respektiv Flegeheemer uechtert d’Land.

Ma dass "al um Pabeier" net wierklech "al sinn" heescht, konnt een en Donneschdeg live materliewen.

Rock'n Roll géing méi Leit op d’Danzpiste bréngen, wéi e "Kettchen Kettchen", seet de Generaldirekter vu Servior, den Alain Dichter. D’Leit géingen ëmmer méi al, mee géinge jonk bleiwen. Deem Changement misst ee sech upassen.

"Den Alter liewen" ass de Slogan vun dëser 26. Editioun vum Pensionnairesfest, d’Thema war d’Waasser an deemno waren och d’Mataarbechter gekleet: Matrous – sou den Dresscode.

Highlight fir eis: Eng frësch verléifte Koppel zielt eis, dass si sech virun engem Joer op dësem Fest kennegeléiert a sech anenee verkuckt hunn!