De Service Parcs sicht nees no Chrëschtbeemercher

© AFP (Archiv)
Nach sinn et e puer Méint bis Chrëschtdag, ma bei der Stad Lëtzebuerg lafen d'Preparatioune schonn.
De Service Parcs ass wéi all Joer nees op der Sich no Chrëschtbeemercher, fir d'Haaptstad iwwer d'Feierdeeg um Enn vum Joer festlech ze rëschten. Eng 15 Dännebeem gi gesicht.
Leit, déi en Dännebam hunn, deen tëscht 6 a 15 Meter héich ass an dee se wéinst der Héicht wëllen ofseeën, kënne sech beim Service Parcs vun der Stad Lëtzebuerg mellen, dat ënner der Telefonsnummer 4796-3423 oder per E-Mail parcdemande@vdl.lu. D'Leit sollen och eng Foto vum Bam matschécken.
Den Appell gëllt bis de 25. August. Weider Informatioune ginn et am Schreiwes vun der Stad Lëtzebuerg.