D'Déier gouf scho viru Joerzéngten entdeckt, deemools awer falsch aklasséiert.

En ass méi liicht wéi säi bekannten Nokommen an e gouf viru Joerzéngte falsch klasséiert: Fuerscher hunn unhand vu Knachen, déi een an de 70er Jore fonnt an elo nei analyséiert hat, eng nei Aart vun Dinosaurier bestëmmt, deen d'Familljegeschicht vum bekannten Tyrannosaurus Rex enger aktueller Etüd no nei schreift. Dëser Etüd no, déi e Mëttwoch am Magasinn "Nature" publizéiert gouf, war de grazille Virfar vum tonneschwéieren T-Rex knapp véier Meter laang an huet grad emol eng dräivéierel Tonn gewien.

"En hat d'Gréisst vun engem ganz grousse Päerd", sot d'Darla Zelenitsky vun der Universitéit Calgary géintiwwer der AFP. Si huet mat un der Etüd geschriwwen. Wéinst senger am Verglach zum "Kinnek" Tyrannosaurus-Rex verhältnisméisseg klenger Statur, hunn d'Fuerscher der neier Aart den Numm "Khankhuuluu mongoliensis" ginn. Dëst bedeit esou vill wéi "Dracheprënz vun der Mongolei".

D'Knache goufen eng éischte Kéier an de fréien 1970er Joren am Südoste vun der Mongolei ausgegruewen. Deemools goufe si allerdéngs engem aneren Tyrannosaurus, dem Alectrosaurus, zougeuerdent. En halleft Joerhonnert laang louchen d'Fossillen an engem Tirang am Institut fir Paleontologie an der Mongolescher Akademie vun der Wëssenschaft zu Ulan Bator.

Do géife si wuel ëmmer nach leien, wär net den Doktorand Jared Voris bei senger Rees an dat zentralasiatescht Land op den Tirang gestouss. Wéi hien ugefaangen huet, den Tirang ze duerchwullen, huet hie festgestallt, datt do eppes net stëmmt, esou d'Zelenitsky weider.

Et huet sech deemno erausgestallt, datt et sech bei de Knachen ëm gutt erhalen Deeler vu Skeletter vun zwee Déiere vun enger bis ewell net bekannter Aart handelt. D'Zelenitsky sot, datt d'Entdeckung "eis gehollef huet, vill iwwert de Stammbam vun der Tryrannosauriergrupp ze klären". Um Enn vun där Grupp steet eben de bekannten Tyrannosaurus-Rex. Déi "Familljegeschicht" war virdru "ganz oniwwersiichtlech".

Den "Dracheprënz" war de Fuerscher no wuel an Asien an Nordamerika ënnerwee an huet dobäi eng Landbréck, déi fréier Sibirien mat Alaska verbonnen huet, benotzt. Dëst féiert dozou, datt sech d'Tyrannosaurier an Nordamerika ausgebreet hunn.