Rekord um Mount Everest De Kami Rita Sherpa ass déi 32. Kéier op den héchste Bierg vun der Welt geklommen.

RTL mat AFP
Domadder huet hie säin eegene Rekord ausgebaut. Ma och de Rekord vun de Frae gouf dëse Sonndeg verbessert.
Ëmmer nees muss et och zu Rettungsaktioune kommen, wa Leit op de Mount Everest klammen. Hei eng Foto vum Karma Valley, wou am Oktober 2025 eng Persoun ëm d'Liewe koum.
Ëmmer nees muss et och zu Rettungsaktioune kommen, wa Leit op de Mount Everest klammen. Hei eng Foto vum Karma Valley, wou am Oktober 2025 eng Persoun ëm d'Liewe koum.
© HANDOUT/AFP

Den Numm ass Programm. De 56 Joer alen nepaleseschen Alpinist Kami Rita Sherpa, deen och als "Everest Man" bekannt ass, ass dëse Sonndeg fir 32. Kéier a sengem Liewen den héchste Bierg vun der Welt eropgeklommen. Dat ass sou dacks wéi nach e Mënsch virdrun. Hien huet domadder säin eegene Rekord weider ausgebaut. De Kami Rita Sherpa war 1994 déi éischte Kéier op den Everest geklommen an huet zanterhier quasi all Joer aner Alpinisten mat eropgeholl.

Och de Rekord bei de Fraen konnt verbessert ginn. Déi 52 Joer al Lhaka Serpa, déi sougenannten "Mountain Queen". stoung haut fir d'11. Kéier an 8.849 Meter Héicht. Den Alpinismus am Himalaya ass eng wichteg Ressource fir dem Nepal. Et gëtt awer ëmmer nees Kritik, well en ëmmer méi e grousst Ausmooss hëlt. Dëst Joer huet den Nepal mat 492 Autorisatiounen der sou vill erausginn wéi nach ni, fir den Everest eropzeklammen. Zanter Jore gëtt de villen Dreck um Bierg kritiséiert.

Back to Top
CIM LOGO