Soll Crew-Member gebass hunnAggressive Mann suergt dofir, datt Qantas-Fliger tëschelande muss

RTL mat AFP
E Qantas-Fluch vu Melbourne op Dallas huet e Freideg missen op Tahiti ëmgeleet ginn, nodeems en aggressive Passagéier u Bord fir Problemer gesuergt huet.
Archivbild vun engem Fliger vu Qantas Airlines, deen zu San Fransisco lannt.
Archivbild vun engem Fliger vu Qantas Airlines, deen zu San Fransisco lannt.
© TAYFUN COSKUN/Anadolu via AFP

Déi australesch Fluchgesellschaft Qantas huet e Freideg e Fluch vu Melbourne op Dallas missen op Tahiti ëmleeden. De Grond war en onrouege Passagéier, deen, wéi lokal Medie mellen, e Crewmember gebass soll hunn. D'Maschinn huet missen zu Papeete a Franséisch Polynesien tëschelanden.

Den aggressive Mann konnt vun anere Passagéier iwwerwältegt ginn. Den australeschen nationale Radiossender ABC mellt e Sonndeg, datt hien e Qantas-Employé gebass huet. No der Landung zu Tahiti gouf den presuméierten Ugräiffe vun de lokale Autoritéiten iwwerholl a krut e Fluchverbuet op all de Linne vun der australescher Fluchgesellschaft.

E Spriecher vu Qantas sot géigeniwwer der AFP, datt "d'Sécherheet vun eise Clienten an eiser Crew eis héchste Prioritéit ass a mir keng Toleranz fir stéierend oder bedreelech Verhalen op eise Flich hunn".

Back to Top
CIM LOGO