"Eis Sprooch geet net futti"
Als Eent vun 11 Kanner koum de Lex Roth zu Wolz op d'Welt. D'Sprooche sinn dem Gebuertsdagskand säin Dadda. Ëm eis Sprooch mécht hie sech wéineg Suergen.
Dëse Sonndeg feiert de Lex Roth Gebuertsdag. 92 Joer gëtt hien al. Den 22. Juni 1933 koum hien zu Wolz als 10. vun 11 Kanner op d’Welt. Seng Mamm, d’Ketty Wilmes, ass am Januar 1943 duerch eng Zockerkris mat 48 Joer gestuerwen. Domadder stoung de Papp, de Leo Roth, matten am 2. Weltkrich eleng mat de Kanner do. 89 Joer al gouf de Papp. De Lex Roth huet nach zwou Schwësteren, déi liewen. D'Ketty Beck-Roth huet 95 Joer an d'Laure Meyers-Roth ass 90 Joer al.
"Schéck du mol ee schaffen, amplaz dass si all an d’Schoule lafen."
Dëst huet dem Lex Roth säi Papp vun engem Noper zu Wolz geäntwert kritt. D’Äntwert koum prompt:
De Lex Roth war vu Beruff Schoulmeeschter. Vun 1954 bis 1968 huet hien zu Kënzeg Schoul gehalen. Vill Spaass hunn him d’Sprooche gemaach. Virop d’Franséischt. No e puer Examen, déi de Lex Roth duerno nach gemaach huet, gouf hie Franséischproff zu Esch am Lycée Technique Victor Hugo. "Am 2.Trimester vum 2.Schouljoer hunn ech dat éischt Wuert Franséisch geleiert. Am Kolléisch hunn d’Proffen eis duerno richteg gestriizt. Wann ech eng Kap ophätt, ech géif hinne se haut nach all Dag ofdinn. A senger Musikalitéit huet d’Franséischt mir gefall. D’Lëtzebuerger schwätze méi hannen am Hals. D’Fransouse vir am Mond.", esou erkläert mir de Wëlzer Jong seng Passioun fir d’franséisch Sprooch.
Zum Schluss war de Lex Roth och Franséischproff am ECG, der Ecole de Commerce et de Gestion, um Geesseknäppchen. Bis 48 Joer huet hien als Enseignant geschafft. "Ech hu gär Schoul gehalen an ech hunn och guer net déi schlechtsten Erënnerungen un déi Zäit."
"D'30er Jore waren eng aner Welt"
"Anescht heescht jo net ëmmer schlecht", esou de Lex Roth. "Ech war den 10. vun 11 Kanner. Ech hunn ëmmer probéiert, bei deene méi Alen och matzebraddelen. Dann huet et dacks geheescht: hal du mol däi Bak." Dobäi laacht d’Gebuertsdagskand vun haut vun Häerzen. "Ech hunn de Bak net gehalen an ech halen e bis haut net."
"Nationalfeierdag misst Nationalchancendag heeschen"
"Ech sinn e bëssi traureg, dass vill Leit net verstinn, ewéi gutt mir et hei zu Lëtzebuerg hunn.", esou den 92 Joer ale Lex Roth. "Klimatesch leie mir op enger vun de beschte Plaze vun der Welt, sozial geet et an der Moyenne kengem Land op der ganzer Welt besser ewéi Lëtzebuerg. Mir mussen eis dat emol bewosst ginn."
An den Ae vum Lex Roth ass eist Land ze kleng fir eng Republik. "Ech perséinlech hunn elo léiwer e Grand-Duc oder eng Grande-Duchesse, ewéi wann elo de Müllesch Willi véier Joer President wär an duerno de Schilze Metty an duerno de Webesch Jang", esou de fréiere Schoulmeeschter a Franséischproff.
"Eis Sprooch geet net futti"
De Lex Roth war säi ganzt Liewen engagéiert. Nach haut. Hie war Grënnungspresident vun der "Actioun Lëtzebuergesch". "Et kann een elo soen, Lëtzebuergesch ass jo nëmmen en Dialekt." Dat wär falsch. "Et ass en Idiom. All Sprooch ass en Idiom."
"Eis Sprooch geet net futti, well et gëtt den Ament souvill Lëtzebuergesch geschriwwen ewéi nach ni. Et ass dat Schrëftlecht, wat se consolidéiert", esou de Sproochmates. "Dat Sproochgebitt ass esou intressant. Et däerf just kee Fanatismus ginn. Et ka kee mir a mengen dausenden Artikelen an Emissiounen noweisen, dass ech eng Kéier fanatesch gewiescht wär. Ech hunn ëmmer gesot, firwat dës Sprooch eng gutt Saach fir eist Land ass", esou de Lex Roth am RTL-Gespréich.
Vun 1980 un huet de Lex Roth iwwer dräi Joer Lëtzebuergeschcoursen um Haff ginn. Op Radio an Tëlee huet hien och wärend laange Joren Emissioune gehat.
Vill Dekoratioune fir de Lex Roth
Commandeur vum Ordre de Mérite civil et militaire d’Adolphe de Nassau, de Grand-Officier vum Ordre de Mérite, de Grand-Officier vum Ordre de la couronne de chêne an ënner anerem de Präis fir d’Verdéngschter ëm d’Lëtzebuerger Sprooch.
"Ech si guer net onhoufereg doriwwer. Ech hänken net un Dekoratiounen. Mee ech maachen awer och net de Geck doriwwer. Déi meescht, déi de Geck domadder maache, sinn déi, déi keng hunn", esou dem Lex Roth säi Fazit.
1993, am Alter vu 60 Joer, goung de Lex Roth an d’Pensioun.
"Kache maachen ech fir mäi Liewe gären"
Fënnef Kanner huet de Lex Roth. Do war et wichteg, als Mann a Papp eng Hand am Stot mat unzepaken. "Kachen an akafe goen, maachen ech nach haut ëmmer gären. Botze manner. Dofir kënnt heiansdo eng Persoun hëllefen."
Ragoût a Rëndsbritt stinn a Saachen Iesse beim gebiertege Wëlzer ganz uewen an der Gonscht.
Gefëmmt gëtt bei Roth’s doheem och. Ee Pak Zigaretten den Dag brauch de Lex Roth. "Mäi Papp huet och vill gefëmmt. Bis an déi 80 Joer. An hien huet ëmmer gesot, ech soll ophale mat fëmmen. Wann ech emol ophale mat fëmmen, dann halen ech mat allem op." Dobäi grinst de fréiere Mataarbechter vum Pierre Werner a Jacques Santer iwwer d’ganzt Gesiict.
Um Sonndeg 22. Juni gëtt mat der Famill de Gebuertsdag gefeiert. Et geet an de Restaurant. "Forcéiert gëtt keen. Et ginn déi mat, déi wëllen", esou de Lex Roth. "Fir déi 95 gëtt dann nees am grousse Krees gefeiert."