Méi Mikroplastik a gliese Fläsche wéi a Plastiksfläschen

© Jonathan Chng / Unsplash
Warscheinlech läit et un der Faarf vun de Stëpp, dass an de gliese Gedrénksfläsche méi Mikroplastik ze fannen ass, wéi an deenen aus Plastik.
An dëser Etüd sollt erausfonnt ginn, wéi vill Mikroplastik sech an de verschiddene Gedrénkszorte befënnt, déi a Frankräich verkaaft ginn. D'Resultater goufen am "Journal of Food Composition and analysis" publizéiert, an iwwerraschen. An der Moyenne ronn 100 Partikele pro Liter goufen an de gliese Fläsche constatéiert, egal ob et sech ëm Limonad, Téi oder Béier gehandelt huet. Wa se a Plastiksfläschen oder a Béchsen ofgefëllt waren, gouf bei de selwechte Gedrénks 5 bis 50 Mol manner Partikele fonnt.
Eigentlech waren d'Fuerscher vum Géigendeel ausgaangen. Bei Analyse gouf erausfonnt, dass déi Deeler Plastik déi selwecht Struktur hate wéi d'Faarf vun de Stëpp. Dowéinst gi se dovun aus, dass dës sech duerch d'Reiwung beim Stockage, wa se nach an hire Këschte sinn, ofléise kann. Well nach keng toxikologesch Referenzwäerter do sinn, ass et net méiglech ze soen, ob a wéi wäit dës Kontaminatioune geféierlech fir d'Gesondheet sinn.
Beim Mineralwaasser verhält et sech aneschters. Do wieren nëmme ganz schwaach Wäerter vu Mikroplastik an de Fläsche konstatéiert ginn, egal op d'Fläsch aus Glas oder aus Plastik war. D'Agence nationale de sécurité sanitaire de l'alimentation, de l'environnement et du travail et la région Hauts-de-France proposéiert, d'Method vum Stockage vun de Stëpp ze änneren, oder déi chemesch Zesummesetzung vun der Faarf fir d'Stëpp.