Wien ass de beschte Barkeeper am ganze Land?
A fënnef Prüfungen hu sech néng Barkeeper misste beweisen. De Gewënner representéiert Lëtzebuerg am internationale Cocktail-Championnat a Kolumbien.
Fënnef Prüfungen, néng Konkurrenten, ee beschte Barkeeper vu Lëtzebuerg. Dat war de Programm e Méinden am Rollengergronn. Do gouf gekuckt, wien de beschte Cocktail zu Lëtzebuerg mécht.
Organiséiert ass de Concours vun der Associatioun vu Lëtzebuerger Barkeeper, déi dëst Joer hir 40 Joer gefeiert hunn. De Clément Elie ass hire President. Fir hie muss e Barkeeper gutt a ville Saache sinn.
"Qu'est-ce qui fait un bon barman? C'est sa connaissance, sa technique et surtout de savoir vendre son produit aux clients, parce qu'on peut tous avoir une carte de cocktails, on vient, on la regarde et on choisit un cocktail, mais un barman doit aussi savoir improviser. On a tous des clients qui viennent au bar et qui disent: 'Moi je voudrais un cocktail de création de votre part', et le barman devra improviser sur place."








Den Alexandre Karagiannis ass virun zwee Joer op Lëtzebuerg komm. Hien ass passionéierte Barkeeper an ass immens opgereegt, fir bei dësem Concours dobäi ze sinn. Et ass säin éischte Concours. Hie muss fënnef Prüfunge meeschteren a muss sech ënnert anerem géint den deemolege Gewënner vun dësem Concours duerchsetzen.
Dëst Joer steet de Concours ënnert dem Thema “Sparkling Cocktail”: Et muss mat Lëtzebuerger Cremant geschafft ginn. Fir den Alexandre e schwieregt Thema.
"Le Crémant, c’est un thème très compliqué. C’est un vrai challenge, parce que j’aurais voulu un autre topic. Il faut pas le masquer, il faut le sublimer et c'est très difficile de trouver l'équilibre pour pas l'effacer, je pense. C'est quelque chose qu'on veut retrouver, non pas effacer."
Eng Opportunitéit, säi Kënnen ze beweisen, aner Barkeeper kennenzeléieren a fir de Gewënner: Lëtzebuerg op der Cocktail-Weltmeeschterschaft a Kolumbien ze representéieren.