Nieft enger "eenzegaarteger Welt" an de Grotte kann een zu Han-sur-Lesse och Déiere mam Safari Car entdecken a seng sportlech Méiglechkeeten testen.

Am Unesco Global Geopark Famenne-Ardenne sinn d'Grottes de Han an den Déierepark. An de Grotte läit d'Temperatur bei 13 Grad. Beim Tour duerch d'Déierewelt begéint een de Bier Willy.

100 Kilometer vu Lëtzebuerg an der Belsch ass Han-sur-Lesse. Dës Uertschaft an der Provënz vun Namur ass fir hir Grotte bekannt. D'Grottes de Han gehéieren zum Unesco Global Geopark Famenne Ardenne.

Vu Mäerz bis November kritt een en Abléck an dës Welt vun de Grotten. D'zejoert koume sech eng 300.000 Leit de Spektakel ënnert dem Buedem ukucken. Et geet bis zu 110 Meter Déift erof. "C'était une des premières attractions touristiques. Les premiers sont arrivés vers 1700", erzielt mir de Martin Davreux. Dëse jonke Mann studéiert an Éisträich an hëlleft elo zanter 7 Joer als Guide hei zu Han.

De Martin Davreux hëlleft zanter 7 Joer an de Grottes de Han als Guide
Hien erzielt vun enger vun de gréissten Attraktiounen an der Wallounie a firwat hien esou speziell ugedoen ass.

"C'est un monde souterrain qu'on imagine pas", sou de Martin Davreux weider. "C'est un monde unique. On invite le visiteur à plonger dans un autre monde. Un monde qui était construit par la nature pendant des milliers d'années." D'Grottes de Han si 14 Kilometer laang.

An de Grotte ginn ëmmer nees nei Ecker entdeckt
De Martin Davreux, Guide an de Grottes de Han, erkläert, wat hien den Touriste weist.

Als Tourist kann een tëscht zwou Visitten entscheeden. Déi eng dauert 1 Stonn an eng Véierel. Dës ass un d'Familljen ugepasst an heescht "La découverte". Déi zweet Visitt dauert 2 Stonnen. Dës adresséiert sech un d'Leit, déi sech fir d'Geologie an d'Geschicht vun de Grotten interesséieren. Wat d'Grottes de Han och esou aussergewéinlech maachen, ass de Floss, deen derduerch fléisst. Säin Numm: "La Lesse".

De Martin Davreux erkläert, wat d'Grottes de Han esou eenzegaarteg maachen
E Floss, dee komplett duerch d'Grotte fléisst, gëtt et net dacks.

D'Grottes de Han sinn och ëmmer nees eng Ausfluchdestinatioun fir Schoulklassen. Virun allem um Enn vun engem Schouljoer. Wärend eisem Tournage waren deen Dag 1.800 Schüler a Schülerinnen hei ënnerwee. Och eng ganz Partie Schoulen aus Lëtzebuerg ware méindes, den 30. Juni, do. Sou zum Beispill d'Grondschoul vun Esch/Bruch.

D'Leit aus der Ëmgéigend sinn houfreg op dëse Patrimoine. De Martin Davreux ass faszinéiert vun dëser Plaz. "Mes grands-parents ont travaillé ici au domaine et depuis tout petit j'étais fasciné par cet endroit."

An de verschiddenste Sprooche kritt een hei Explikatiounen. Franséisch, Hollännesch, Däitsch an Englesch. Zanter ronn 5 Joer kritt een awer och dës Plaz op Lëtzebuergesch erkläert. Dëst geschitt mat Hëllef vun engem "Audio-guide" an op Reservatioun.

Mam Safari Car duerch den Déierepark

Nieft der Grott kann een awer och duerch en Déierepark spadséieren. Duerch dëse gëtt ee souguer gefouert. An engem Safari Car. Gläichzäiteg kritt een Explikatiounen. 90 Minutten dauert den Tour. Zanter 1970 gëtt et dëse Park, deen eng 250 Hektar grouss ass.

Eng 30 verschidden Déierenaarte kann ee bewonneren. 650 Déieren am ganzen. Ënner anerem e Bier - de Willy. 35 Joer al ass de Bier an nieft Wëllef a Bison d'Haaptattraktioun fir Grouss a Kleng.

Eng 30 verschidden Déierenaarte kann een am Déierepark bewonneren
De Michaël Becker ass Guide am Déierepark a kläert d'Visiteuren och iwwer d'Riske fir d'Déieren op

Wärend de Summerméint ginn och thematesch Visitten organiséiert. Zum Beispill iwwert de Wollef.

"Tree Experience"

Zanter dësem Februar gëtt et eng nei Attraktioun. "Tree Experience" nennt dës sech. Et ass e Parcours, op deem jidderee seng sportlech Fäegkeeten teste kann. Um Enn däerf een och de "fräie Fall" probéieren.

Beim neien "Tree Experience"-Parcours kann ee seng Sportlechkeet testen
Den Alexis Wouters, Responsabel vum Kloterpark, erkläert, wat et ze maache gëtt.

Et gëtt souwuel e Parcours fir Debutant ewéi och experimentéiert Leit. "Ce sont des parcours qui sont adaptés pour les familles. Pour ceux qui ont un peu peur de la hauteur, ils commenceront à un ou deux mètres du sol", sou den Alexis Wouters, Responsabel vun dëser Attraktioun.
 
Vu Februar bis Enn Juni hunn eng 15.000 Leit vun dëser neier Attraktioun profitéiert. A ronn 90 Minutten ass ee bei de Grottes de Han ukomm. Eng Plaz, wou den Dag an null Komma nix ëmgeet. Informatioune kritt een um Internetsite: www.grotte-de-han.be