E Freideg koumen dausende vu Studenten, egal ob se hei am Land oder am Ausland studéieren, ob der Wiss beim Bouillon fir "De Studentebal" zesummen.

Egal op zu Lëtzebuerg, zu Wien, Bréissel, München oder Paräis. D'Studenten aus de Cerclen, déi zu der ACEL gehéieren, koumen e Freideg um Bouillon zesummen, fir zesummen ze feieren. Et war e Mix aus de verschiddenste Kulturen an de verschiddenste Traditioune vun de Cerclen, déi een um "De Studentebal" openeegetraff sinn a fir eng extra Atmosphär gesuergt hunn.

Studentebal vun der Acel: d‘Stëmmung am Festzelt
E puer onkommentéiert Impressioune vun der grousser Studenteparty e Freideg den Owend um Bouillon.